Departement Seine-et-Oise

Vu Wikipedia
Déi fréier Departementer Seine a Seine-et-Oise (donkel- an hellbeige), an déi 7, déi an d'Plaz koumen.

D'Departement Seine-et-Oise war e franséischt Departement, dat ronderëm Paräis, respektiv d'Departement Seine, louch. Seng Prefecture war Versailles, an et hat d'Nummer 78. 1968 gouf et opgeléist

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Departement Seine-et-Oise gouf de 4. Mäerz 1790 gegrënnt a krut säin Numm no de Flëss Seine a Oise, déi derduerchlafen.

Wéi et opgedeelt gouf, bestoung d'Departement aus 688 Gemengen a war 5.658 Quadratkilometer grouss. D'Arrondissementer dodran hunn am Laf vun der Zäit dacks geännert; um Enn waren et der zéng:: Argenteuil, Étampes, Mantes-la-Jolie, Montmorency, Palaiseau, Pontoise, Le Raincy, Rambouillet, Saint-Germain-en-Laye a Versailles.

Well d'Populatioun 1968 bei bal 3 Millioune louch, gouf decidéiert, d'Departement opzedeelen.

Dobäi goufen 3 nei Departementer geschafen:

  • 262 Gemengen (40 % vun der Fläch) goufen zum Departement Yvelines zesummegeluecht, mat Versailles als Prefecture. Et huet d'Kennziffer "78" vun der Seine-et-Oise iwwerholl;
  • 198 Gemengen am Süden (32 % vun der Fläch) goufen zum Departement Essonne zesummegeluecht; et huet d'Nummer 91 iwwerholl, déi virdru fir d'Departement Alger gebraucht gi war;
  • 185 Gemengen am Norden (22 % vun der Fläch) goufen zum Departement Val-d'Oise, dat déi nei Nummer 95 krut.

6 % vum Departement goufen un déi och nei geschafen Departementer Val de Marne (18 Gemengen), Seine-Saint-Denis (16 Gemengen) an Hauts-de-Seine (9 Gemengen) drugehaangen, déi aus dem opgeléisten Departement Seine ervirgoungen.

Zesumme mam Departement Seine-et-Marne ginn d'Departementer Yvelines, Essonne a Val-d'Oise grande couronne genannt, géigeniwwer der petite couronne, déi sech op déi méi kleng Departementer an direkter Noperschaft zu Paräis: Hauts-de-Seine, Val-de-Marne a Seine-Saint-Denis, bezitt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Seine-et-Oise – Biller, Videoen oder Audiodateien