Departement Seine-et-Marne

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Seine-et-Marne (77)
Blason département fr Seine-et-Marne.svg
Regioun Ile-de-France
Prefecture Melun
Ënnerprefecture Fontainebleau
Meaux
Provins
Torcy
Bevëlkerung 1 313 414 Aw.(2009)
Fläch 5.915 km²
Arrondissementer 5
Kantonen 43
Gemengen 514
Seine-et-Marne-Position.png
D'Schlass vu Vaux-le-Vicomte
D'Commanderie vu Coulommiers

D'Seine-et-Marne (77) ass e franséischt Departement, an der Regioun Île-de-France. Säin Numm kënnt vun de Flëss Seine a Marne. Et gouf zesumme mat 82 aneren Departementer ënner der Franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 op Grondlag vum Gesetz vum 22. Dezember 1789 geschaaft.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Departement Seine-et-Marne läit an der Regioun Île-de-France, wouvun en déi ëstlech Hallschent bilt. Et grenzt un d'Departementer Val-d'Oise, Seine-Saint-Denis, Val-de-Marne an Essonne am Westen, Loiret a Yonne am Süden, Aube a Marne am Osten, Aisne an Oise am Norden.

De gréissten Deel vum Departement gehéiert zur natierlecher Regioun Brie, op där mat hire fruchtbare Biedem haaptsächlech Kären an Zockerrommele gezillt ginn. Aus der Véizuucht a besonnesch der Mëllechwirtschaft si bekannt Kéiser wéi de Brie an de Coulommiers bekannt. Do wou déi leemeg Biedem net ewechgeschwemmt goufen fënnt ee schéi Bëscher wéi d'Staatsbëscher vun Armainvilliers, vu Crécy oder vu Jouy. Westlech vu Montereau am Dall vun der Seine leien d'Bëscher vu Fontainebleau déi am Süden an d'Kallekbiedem vum Gâtinais iwwerginn, op deenen haaptsächlech Kären a Fuddermëttele gezillt ginn. Am westlechen Deel nërdlech vun der Marne läit den niddrege Plateau vun der Goële mat senge Sandkoppe mat Bëscher an Hecken. D'Géigend ass bekannt wéinst dem Uebstbau. De Multien tëscht Meaux an dem Valois huet méi räich Biedem op deene Weess a Rommele gezillt ginn. Industriell Aktivitéite fënnt een an de Stied wéi Meaux, Lagny, Coulommiers, Monteraeu a Melun. D'Departement ass och de gréisste Pëtrolsproduzent am Paräisser Baseng, mat Pëtzer zu Coulommes, Chartrettes a Chailly-en-Bière.

Hydrographie[änneren | Quelltext änneren]

Ausser der Yerres huet keen nennenswäerte Floss seng Quell am Departement. D'Seine déi am Süde vum Departement op enger Längt vun 106 km vun Osten no Westen derduerch leeft an an déi schliislech all d'Flëss vum Departement ophëlt ass nieft der Marne déi hire gréissten Niewefloss ass, de gréisste Floss vum Departement. De Petit Morin, d'Ourcq, de Grand Morin sn d'Beuvronne sinn Nieweflëss vun der Marne an den Orvin, d'Voulzie, d'Yonne, de Loing an d'Yerres lafen an d'Seine.

Stied[änneren | Quelltext änneren]

Gréisser Stied si Chelles, Torcy, Pontault-Combault, Lagny-sur-Marne, Coulommiers, Nemours, Meaux, Melun, Montereau-Fault-Yonne, Brie-Comte-Robert, Provins, Fontainebleau an déi nei geschaaft Stied Marne-la-Vallée a Sénart.

Demographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Awunner ginn op Franséisch Seine-et-Marnais(es) genannt.

Awunnerentwécklung
180019011946197519821990199920042009
299 160358 325407 137755 762887 1121 078 1661 193 7671 253 6371 313 414

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Seine-et-Marne – Biller, Videoen oder Audiodateien