Ënnerprefecture

Vu Wikipedia
Ënnerprefecture vu Verdun

D'Ënnerprefecture (fr: sous-préfecture) ass de Chef-lieu vun engem franséischen Arrondissement. Den Ausdrock „Ënnerprefecture“ bezeechent och d'Gebai vun der Administratioun, déi ënner der Autoritéit vum Sous-prefet steet, dee vun engem Generalsekretär assistéiert gëtt.

D'Roll vun der Ënnerprefecture[änneren | Quelltext änneren]

De Sous-prefet ass a sengem Arrondissement den Delegéierte vum Prefet. Hie vertrëtt d'staatlech Autoritéit:

  1. Hien iwwerwaacht d'Anhale vun de Gesetzer a Reglementer an d'ëffentlech Sécherheet,
  2. Hie koordinéiert déi staatlech Déngschter, besonnesch am Zesummenhank mat der Landesplanung an der lokaler Entwécklung,
  3. Hien hëlleft bei der Iwwerwaachung vun de Verwaltungsdéngschter an hie beréit déi lokal Kollektivitéiten.

De Prefet kann him speziell Missiounen uvertrauen, sief et temporär oder permanent, souguer baussent de Grenze vum Arrondissement oder Departement.

Wann och d'Missioune vun der Ënnerprefecture deene vun der Prefecture gläichen, sou bleift den Arrondissement dach dee Verwaltungsniveau, deen de perséinleche Kontakt tëscht Verwaltung a Bierger méiglech mécht a wou d'Berodung, d'Schlichtung an d'Ofbaue vu Spannungen eng wichteg Roll ze spillen huet.

Den Arrondissement vum Chef-lieu vun der Prefecture huet keng eegen Ënnerprefecture. Do iwwerhëlt de "secrétaire général de la préfecture" d'Funktioun vum Sous-prefet.

Charakteristike vun de Sous-prefeten[änneren | Quelltext änneren]

Sou wéi d'Prefete ginn och d'Sous-prefeten iwwer d'École nationale d'administration (ENA) rekrutéiert.

Vum 10. Mee 1982 bis den 29. Februar 1988 haten d'Sous-prefeten den Titel "commissaire adjoint de la République".

Kuckt och:[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun den Arrondissementer a Frankräich