Departement Corrèze
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Corrèze (19) | |
---|---|
Regioun | Nei-Aquitaine |
Prefecture | Tulle |
Ënnerprefecture | Brive-la-Gaillarde Ussel |
Bevëlkerung | 242 896 Aw.(2008) |
Fläch | 5 857 km² |
Arrondissementer | 3 |
Kantonen | 37 |
Gemengen | 286 |
D'Corrèze (19) ass e franséischt Departement an der Regioun Nei-Aquitaine. Et krut säin Numm vum Floss Corrèze deen derduerch fléisst.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Departement gouf wärend der franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 (Gesetz vum 22. Dezember 1789 aus Deeler vun der Provënz Limousin geschaf.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Corrèze grenzt un d'Departementer Creuse, Haute-Vienne, Cantal, Puy-de-Dôme, Lot an Dordogne.
Bevëlkerung
[änneren | Quelltext änneren]D'Bevëlkerungszuel geet zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert no ënnen a louch 2008 bei 242 896 Awunner. An engem Drëttel vun de Gemenge gëtt et méi Leit iwwer 75 Joer wéi der ënner 20.
Sproochen
[änneren | Quelltext änneren]Bis am Ufank vum 20. Joerhonnert war de Limousin, en Dialekt vun der okzitanescher Sproochefamill, déi gängest mëndlech Sprooch, bis et verbuede gouf, s'an de Schoulen ze schwätzen. Se gëtt haut bal just nach geleeëntlech vun eelere Leit geschwat.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Gemengen am Departement Corrèze
- Arrondissementer am Departement Corrèze
- Kantonen am Departement Corrèze
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: D'Corrèze – Biller, Videoen oder Audiodateien |