Departement Pas-de-Calais
| Pas-de-Calais (62) | |
|---|---|
| Regioun | Hauts-de-France |
| Prefecture | Arras |
| Ënnerprefecture | Béthune Boulogne-sur-Mer Calais Lens Montreuil Saint-Omer |
| Bevëlkerung | 1.455.00 Aw.(2005) |
| Fläch | 6.671 km² |
| Arrondissementer | 7 |
| Kantonen | 77 |
| Gemengen | 894 |
| |
De Pas-de-Calais (62) ass e franséischt Departement an der Regioun Hauts-de-France. Säin Numm geet op de Pas de Calais zeréck, d. h. de Passage an der Mierenkt vum Äermelkanal tëscht Calais a Groussbritannien.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Departement Pas-de-Calais gouf ënner der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790, wéi am Gesetz vum 22. Dezember 1789 virgesinn, mat 83 aneren Departementer gegrënnt.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Pas-de-Calais ass en Deel vun der Regioun Hauts-de-France. E grenzt un d'Departementer Nord a Somme.
E stéisst och un den Äermelkanal an un d'Nordmier. Stréim a Flëss déi derduerch lafen, sinn: Authie, Canche, Ternoise, Liane, Sensée, Scarpe, Deûle, Leie an Aa.
Stied mat méi wéi 15.000 Awunner sinn: Arras, Béthune, Lens, Liévin, Calais, Boulogne-sur-Mer, Saint-Omer, Hénin-Beaumont, Bruay-la-Buissière, Avion a Carvin.
Demographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Awunner vum Pas-de-Calais ginn op Franséisch Pas-de-Calaisien(ne)s genannt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Pas-de-Calais – Biller, Videoen oder Audiodateien |
