Departement Lozère

Vu Wikipedia
Lozère (48)
Regioun Occitanie
Prefecture Mende
Ënnerprefecture Florac
Bevëlkerung 76.800 Aw.(2006)
Fläch 5 167 km²
Arrondissementer 2
Kantonen 25
Gemengen 500
Den Héichplateau vum Aubrac bei La Faltre

D'Lozère (48) ass e franséischt Departement, an der Regioun Occitanie. Den Numm huet d'Departement vum Biergmassiv Mont Lozère.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Lozère ass eent vun den 83 Departementer déi an der Zäit vun der franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790, an Ausféierung vum Gesetz vum 22. Dezember 1789, gegrënnt goufen. Et besteet zum gréissten Deel, mat Ausnam vum Canton de Saugues, aus dem Territoire vum fréiere Bistum Gévaudan.

Well Mende déi Zäit de Sëtz vum Bistum war, an och d'Haaptstad vun der Provënz, gouf do d'Prefecture ageriicht.

D'Lozère am Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Am Zweete Weltkrich gouf et an der Lozère véier Maquisorganisatiounen déi sech géint d'Wehrmacht gestäipt hunn.

Dräi franséisch Gruppen, déi eng aus dem Aubrac déi aner aus den Cevennen an aus der Géigend vum Mont Mouchet hunn der däitscher Besatzung d'Liewe schwéier gemaach.

Déi véiert stoung ënner dem Kommando vum Monsieur Schumann engem däitsche Kommunist an Antifaschist dee mat aneren däitschen antifaschistesche Resistenzler vun 1943 bis 1944 do géint déi däitsch Arméi gekämpft huet.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Beschreiwung:

Parti au premier de France ancien (d'azur semé de fleurs de lis d'or) et au second d'or à quatre pals de gueules.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Lozère ass dat nërdlechst Departement an der Regioun Occitanie. Et grenzt un d'Regioun Auvergne-Rhône-Alpes.

Nopeschdepartementer sinn de Cantal, d'Haute-Loire, d'Ardèche, de Gard an den Aveyron.

Déi gréisst Stied si Mende a Florac

D'Departement Lozère besteet gréisstendeels aus Bierger a Koppen. Am Departement gëtt et véier grouss Biergmassiver.

De Plateau vum Aubrac[änneren | Quelltext änneren]

Thumb
Thumb

De Plateau vum Aubrac am Norwesten, läit op enger Héicht tëscht 1.000 a 1.450 Meter, an ass eng Basaltformatioun. De Klima ass kal a fiicht, a huet atlantesch Caracteristiken. Et gëtt do vill gutt Weede fir Ranner.

Monts de la Margeride[änneren | Quelltext änneren]

Thumb
Thumb

D'Monts de la Margeride am Norden an Nordweste leien op enger Héicht tëscht 1.000 a 1.550 Meter a si Granitformatiounen. Et ass eng kal Géigend déi méi dréchen ass wéi den Aubrac. An der Margeride wuessen haaptsächlech Dännebëscher.

De Plateau des Causses[änneren | Quelltext änneren]

Thumb
Thumb

De Plateau des Causses am Südwesten deelt sech op an d'Causse de Sauveterre an d'Causse Méjean. Déi zwee Gebidder gi vunenee gespléckt duerch d'Griechte vum Tarn. Et ass eng Géigend op Kallekfielsen déi dréchen ass. Et gëtt vill karsteg Formatioune mat Hielen, Triichteren am Buedem déi do Aven genannt ginn, ënnerierdesch Waasserleef a Resurgenzen.

D'Cevennen[änneren | Quelltext änneren]

Thumb
Thumb

D'Cevennen am Südweste bestinn haaptsächlech aus Schifer- a Granitformatioune mat géien Häng. De Mont Lozère huet mat dem Pic de Finiels op 1.699 Meter déi héchst Plaz am Departement. Am Süde läit de Mont Aigoual mat 1.567 m, op deem eng Wiederstatioun steet, huet vill Reen a Schnéi, an et bléist dacks a staarke Wand.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lozère – Biller, Videoen oder Audiodateien