Yonne (Floss)

Vu Wikipedia
Yonne
Längt 292,3 km
Debit 105 m³/s
Fläch vum Baseng 10.887 km²
Leeft an Seine

D'Yonne ass e Floss a Frankräich, deen haaptsächlech an der Bourgogne leeft. Se ass dee wichtegste lénksen Niewefloss vun der Seine.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Yonne entspréngt am Morvan-Massiv, südëstlech vu Château-Chinon, an engem Bëschmassif bei Le Pont-Charrot Si leeft vun do aus no Norden an no engem Laf vu ronn 12 km fiddert se de Stauséi vu Pannecière-Chaumard.

Vu Sardy-lès-Épiry un leeft se parallel mat dem Canal du Nivernais duerch Clamecy, laanscht Coulanges-sur-Yonne.

Vu Vincelles bis op Auxerre ass se da selwer en Deel vum Kanal, mat Schleise bei Vaux-sur-Yonne, Champs-sur-Yonne, Vaux, Augy an Auxerre (2). Vun Auxerre leeft se da weider bis op Montereau-Fault-Yonne (Seine-et-Marne) wou se an d'Seine leeft.

Geographesch gekuckt leeft do d'Seine an d'Yonne, well d'Yonne méi en héijen Debit huet.

D'Yonne huet a Verbindung mat dem Canal du Nivernais eng grouss Roll fir Paräis gespillt, well op hir eng grouss Parti vum Brennholz fir d'Haaptstad gefléist gouf. 1923 ass dat lescht Floss vu Clamecy a Richtung Paräis fortgaangen.

Den Numm kéim vum Keltesche Ica-Onna (béid Wierder bezéie sech op Waasser), wat een haut nach an der Bezeechnung Icaunais fir d'Awunner vum Departement erëmfënnt.

Departementer a gréisser Stied, duerch déi d'Yonne leeft[änneren | Quelltext änneren]

Nieweflëss[änneren | Quelltext änneren]

Hydrologie[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst hirem méi héijen Debit wéi d'Seine ass d'Yonne am Fong den Haaptfloss vum Paräisser Baseng.

Navigatioun[änneren | Quelltext änneren]

Op 108 km, vun Auxerre bis Montereau ka mam Schëff gefuer ginn. Et gëtt 26 Schleisen. D'Yonne ass duerch de Kanal vun der Bourgogne mat der Saône, an duerch de Canal du Nivernais mat der Loire verbonnen.

Zesummefloss Seine (lénks) an d'Yonne
D'Yonne zu Armeau

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Yonne – Biller, Videoen oder Audiodateien