Corbigny

Vu Wikipedia
Corbigny
Den Anguison zu Corbigny

Den Anguison zu Corbigny
Den Anguison zu Corbigny
Land Frankräich
Regioun Bourgogne-Franche-Comté
Departement Nièvre
Arrondissement Clamecy
Kanton Corbigny
Postcode 58800
Gemengecode 58083
Koordinaten 47° 15’ 27’’ N
      03° 41’ 03’’ O
Fläch  2 006 ha
Bevëlkerung  1 604 (2010)

Corbigny ass eng franséisch Gemeng am Departement Nièvre an der Bourgogne-Franche-Comté.

Corbigny läit am Dall vun der Yonne op enger Héicht vun 182 - 275 Meter, a ronn 1 km ëstlech vum Canal du Nivernais, an duerch d'Uertschaft leeft d'Anguison déi zu Marigny an d'Yonne leeft.

864 gouf zu Corbigny e Klouschter opgeriicht, dat zu der Abtei vu Flavigny-sur-Ozerain gehéiert huet. De Grënner vum Klouschter war den hellegen Egile, deen deemools Bëschof zu Auxerre war. 882 huet d'Klouschter Reiliquië kritt, déi vum hellege Léonard sollte sinn. Doduerch gouf et vill vu Pilger opgesicht déi iwwer de Jakobswee vu Vézelay op Santiago gepilgert sinn.

Trotz de Befestigungen déi am Ufank vum 12. Joerhonnert gebaut goufen, gouf Corbigny am Laf vun der Zäit e puermol kuerz e kleng geschloen, verbrannt an ausgeraibert, dat besonnesch an der Zäit vun de Kricher tëscht de Grofe vun Armagnac an de Burgunder. D'Abtei déi 1784 erëm nei opgeriicht gouf koum bei der Revolutioun an de Besëtz vun der Gemeng. Vun den ale Festungsmauere sinn nëmme méi e puer Reschter a 5 Tierm ze gesinn.

D'Pilger um Jakobswee fannen en Ënnerdach am Refuge de l'Huis Perreau, eng fréier Wunneng vum Grof vu Choiseuil.

Uertschaft virdrun
Anthien
Jakobswee

Via Lemovicensis
iwwer Nevers
Uertschaft duerno
Guipy

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Corbigny – Biller, Videoen oder Audiodateien