Arrondissementer am Departement Nièvre
Ausgesinn
D'Departement Nièvre besteet aus 4 Arrondissementer mat follgenden Haaptuertschaften: Nevers, Château-Chinon, Clamecy a Cosne-Cours-sur-Loire:
Déi véier Arrondissementer sinn:
- Arrondissement Château-Chinon (Ville)
- Arrondissement Clamecy
- Arrondissement Cosne-Cours-sur-Loire
- Arrondissement Nevers
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]- 1790 gëtt d'Departement mat 9 Distrikter gegrënnt: La Charité, Château-Chinon, Clamecy, Corbigny, Cosne, Decize, Moulins-Engilbert, Nevers, a Saint-Pierre-le-Moûtier.
- 1800 ginn d'Distrikter duerch d'Arrondissementer Château-Chinon, Clamecy, Cosne an Nevers ersat.
- 1926 gëtt d'Arrondissement Cosne suppriméiert.
- 1943 gëtt d'Arrondissement Cosne restauréiert.