Jakobswee

Vu Wikipedia
Kaart vun de verschiddene Jakobsweeër
D'Basilika zu Santiago de Compostela

Vum Jakobswee schwätzen heescht vun de Jakobsweeër eppes soen, well et gëtt der am Fong eng ganz Partie. Déi bekanntst sinn déi grouss Achsen déi aus ganz Europa op Santiago de Compostela féieren.

Transeuropäesch Weeër[änneren | Quelltext änneren]

Dës véier Haaptweeër, déi aus Frankräich kommen, lafen zu Puenta la Reina zesummen, fir dann zesummen iwwer de Camino Francés weiderzegoen. De Camino Francés ass dee Wee, deen am meeschte vun de Pilger tëscht Roncevaux a Santiago benotzt gëtt.

Et gëtt do och d'Méiglechkeet fir de Wee ze huelen, deen iwwer Billar a Santander laanscht d'Nordküst vu Spuenie leeft. Dëse Wee gëtt vu Biergamateure gär benotzt, well e bal op senger ganzer Längt duerch d'Cantabresch Cordillere féiert, déi eng Fortsetzung vun de Pyrenäen ass. Et ass de Camino Primitivo.

Ibeeresch Weeër[änneren | Quelltext änneren]

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Itinerairen hu sech der Situatioun vun deemools ugepasst. Sou goufe Brécken a Fuerten opgesicht, grad sou wéi Collen, fir iwwer d'Bierger ze kommen. Wichteg waren och Kléischter um Wee, an deenen de Pilger iessen a schlofe konnt.

Well dës Weeër vu Leit aus alle Géigende vun Europa benotzt goufen, an doduerch e Kontakt tëscht de verschiddene Vëlker a Kulturen an Europa war, goufe se vum Europarot Routes européennes klasséiert.

E wichtegt Dokument fir e Pilger ass déi sougenannt Crédenciale[1]. Dat Dokument gëtt vun accreditéierten Associatiounen am Zesummenhank mat de Jakobsweeër ausgestallt. De Pilger oder Spadséiergänger muss zweemol am Dag an op all Etapp e Stempel dropmaache loossen, fir datt e sech kann als Pilger oder Randonneur ausweisen, a sou vun den Infrastrukture wéi Gîten a souweider profitéiere kann. Déi einfachst Méiglechkeet fir d'Dokument zu Lëtzebuerg ze kréien, ass iwwer d'Asbl Frënn vum Camino de Santiago de Compostela[2].

Leit déi iwwer de Jakobswee pilgeren, an dat wëlle weisen, hunn op hirem Gezei oder um Rucksak den Emblème vun der Jakobsmuschel. Doduerch erkennt ee Pilger dann och een aneren, a sou kënne sech Gruppe forméieren. Fir e komplette Jakobspilger ze sinn, dat heescht een, deen de ganze Wee vun Ufank bis un d'Enn zu Fouss gemaach huet, si Leit de sech net e ganze Mount oder méi Congé beieneen huele kënnen, forcéiert dëst op zwee oder dräi Joer ze verdeelen. Wichteg ass datt een op d'Mannst 10 Deeg hannerenee geet. Besonnesch Leit, déi net gewinnt sinn e ganzen Dag duerchzemarschéieren, brauche schonn 4-5 Deeg éier se de richtegen Tratt fonnt hunn.

Crédenciale vun engem Pilger um Camino Francés

D'Jakobsweeër an den hellege Jakob zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Eng Maark laanscht de Pilgerwee

Plazen déi mat de Jakobsweeër ze dinn hunn, sinn net ganz heefeg zu Lëtzebuerg, de Professer Donckel huet si 1964 am Detail publizéiert.

Lëtzebuerg war en Duerchgangsland fir Pilger déi aus dem Nordweste vun Europa op Santiago ënnerwee waren. Si koumen dacks vu Prüm iwwer Iechternach oder vun Tréier an d'Land. Dacks sinn si um Jokesbierg passéiert (Jakobsberg), en Hiwwel bei Bech, deen e richtege Jakobszentrum war, mat senger Kapell, senger Klaus a sengem Jakobspëtz[3]. Souguer e Joermaart gouf a fréieren Zäiten do gehalen. D'Pilger sinn dunn op Mënjecker virugezunn, wou eng Jakobskapell, e Pëtz an eng Jakobswiss zu enger Paus agelueden hunn. Viru goung et dunn iwwer Rued-Sir an d'Stad.

Den Hospiz, deen 1309 vum Heinrich VII. an dem Margréit vu Brabant am Stadgronn gegrënnt gouf[4], huet Pilger opgeholl, déi dacks vun Tréier koumen, wou en Hospiz schonn zanter 1186 d'Pilger opgeholl huet.

Éischt Pilger aus Lëtzebuerg si fir dat 13. Joerhonnert attestéiert: en Awunner vun Eeschpelt ass 1290 op Santiago gepilgert. E Réidener Pilger aus dem 16. Joerhonnert ass ni zeréck heem komm, hien ass "uf der reisen verplieben[5]".

Zu Lëtzebuerg féiert de Jakobswee iwwer Wanderweeër. Vum Dräilännereck bei Léiler aus geet e laanscht d'Our bis op Veianen a weider laanscht d'Sauer op Iechternach. Vun do aus virun iwwer Gréiwemaacher bis an d'Stad Lëtzebuerg. Duerno geet e weider iwwer Diddeleng bis op Schengen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Guiden[änneren | Quelltext änneren]

  • Der Jakobsweg. Ein Pilgerführer aus dem 12. Jahrhundert, 2008, Reclam, e liicht gekierzte Guide vun där eenzeger wichteger Beschreiwung vum Pilgerwee aus dem Mëttelalter. Iwwersat a kommentéiert vum Klaus Herbers.
  • Brosius, R., R. Fourné, A. Leytem, C. Molitor, A. Müller, E. Schneider, L. Spaus & M. Thill, 2007. Jakobswege im Grossherzogtum Luxemburg = Les chemins de St. Jacques au Grand-Duché de Luxembourg = Walking trails of St. James in The Grand-Duchy of Luxembourg. Frënn vum Camino de Santiago de Compostela asbl. 21 S.
  • Donckel, Emile, 1964. Sankt Jakobus der Ältere in Luxemburg. Kult und Brauchtum im Luxemburger Raum. Sonderdruck aus den Blättern der AGML. 28 S. Sankt-Paulus-Druckerei AG, Luxemburg.

Reesrapporten[änneren | Quelltext änneren]

  • Haller, Maria-Catherine, 1984. Sur le Chemin de Saint-Jacques: de Luxembourg à Compostelle. 175 p., Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg. (An der Nationalbibliothéik ze léinen)
  • Kerkeling, Hape, 2006. Ich bin dann mal weg. Meine Reise auf dem Jakobsweg. 50. Oplo, Malik Verlag. (Am Juli 2007 waren iwwer 2 Milliounen dovu verkaaft an d'Buch stoung 60 Wochen op der SPIEGEL- Bestsellerlëscht vun de Sachbicher.)
  • Kerkeling, Hape, 2006. Ich bin dann mal weg. 6 CDs. Meine Reise auf dem Jakobsweg, en Audiobuch bei Roof Music. Am Verglach mat dem Buch ass d'Audiobuch e bësse gekierzt.
  • Ries, Adrien, 2000. Camino de Santiago, ein Pilgergang von Bivels nach Santiago de Compostela. 248 S. 3. Oplo, Éditions Saint-Paul, Luxemburg. ISBN 2-87963-078-9. [1. Oplo 1989, 2. Oplo 1990]
  • Theis, Ernest, 2007. Ein Viandener am Jakobsweg. 265 p., Imprimerie Centrale, Luxemburg. ISBN 2-9599959-2-9.
  • Vandeguchte, Josephine, 2008. Come walk with me. Santiago. Linda McLaughlin & Bill Chong Éditions. 106 S.
  • Wohl, Gérard, 2007. Mam Vëlo voan Eechternoach bis op Santiago de Compostela. 174 p., Éd. Saint-Paul, Luxembourg. (Am Juni 2004 huet den Iechternacher G. Wohl an 28 Etappen an zwéi Roudeeg 2.240 km um Vëlo, deen hie vu sengen Aarbechtskolleege fir seng Pensioun geschenkt krut, iwwer d'Belsch a Frankräich hanner sech bruecht fir op Santiago de Compostela ze kommen.)
  • Risch, Jo; Weber, Tom, 2019: ¡Ultreya! We'll be fine! Two friends on their Camino to Santiago. 124 S., Books on Demand, Germany. (Am Juni 2019 sinn déi zwéi Maacher Tom Weber & Jo Risch vu Porto op Santiago de Compostela iwwer de portugisesche Küstewee gepilgert an hu wärenddeem Geld fir den International Rescue Committee gesammelt.)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jakobswee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Credencial del Peregrino Spuenien
  2. kuckt de Link "um Spaweck"
  3. Haut sinn um Jokesbierg just nach Grondmaueren iwwereg.
  4. Haut ass den Naturmusée am fréieren Hospice Saint-Jean.
  5. 50 Joer duerno, den 12. Januar 1565 gouf an engem Geriicht festgestallt, datt e gewëssenen Hans vu Réiden op der Atert ni méi vun senger Rees zeréckkomm ass. Cf. Arthur Schon, 1954-1957: Zeittafel zur Geschichte der Luxemburger Pfarreien von 1500-1800. Kremer-Müller, Esch. Cit. in Donckel 1964.