Via Turonensis

Vu Wikipedia
De Jakobswee mat den Haaptdeparten a Frankräich

D'Via Turonensis ass de laténgeschen Numm vun engem vun de véier Jakobsweeër a Frankräich. De Wee féiert iwwer Tours. Déi Stad huet dem Wee och den Numm ginn. D'Haaptversammlungsplaz fir d'Pilger déi aus dem Norde kommen ass d'Tour Saint-Jacques zu Paräis.

D'Streck féiert bis an déi baskesch Uertschaft Ostabat, wou se mat der Via Lemovicensis an der Via Podiensis zesummeleeft.

Am éischten Drëttel vum Wee huet en d'Auswiel vun zwou Variante fir op Tours ze kommen, entweeder iwwer Chartres oder iwwer Orléans. Vun do geet et da weider iwwer Poitiers a Bordeaux op d'spuenesch Grenz lass.

Vun där Plaz un, wou déi dräi Wëeer zesummekommen, dem sougenannte Carrefour de Gibraltar, geet et mam Camino navarro iwwer de Col de Bentarte an de Pyrenäe weider op Puente la Reina a Spuenien. Et besteet awer och d'Méiglechkeet iwwer Valcarlos an de Col de Roncevaux dohin ze kommen.

Do stéisst de Camino navarro op de Camino aragonés deen d'Verlängerung a Spuenien vun der Via Tolosana ass. Vun do u bis op Santiago de Compostela heescht en da Camino francés.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Via Turonensis – Biller, Videoen oder Audiodateien