Stäil vu Gibraltar

Vu Wikipedia
Stäil vu Gibraltar
Land Frankräich
Koordinaten 43° 17’ 57.75’’ N
      01° 02’ 04.16’’ W

De Stäil vu Gibraltar och nach Kräiz vu Gibraltar ass eng monumental Maark an der Gemeng Uhart-Mixe déi 1964 opgeriicht gouf fir den Zesummelaf vun dräi Jakobsweeër ze markéieren. D'Plaz wou e steet gëtt deemno Carrefour de Gibraltar genannt.

Den Numm deen näischt mat Gibraltar am Süde vu Spuenien ze dinn huet, ass eng Deformatioun vum baskesche Wuert Chibaltarem[1] oder no aneren Auteuren och Xibaltarre, wat sengersäits eng Deformation vum Baskesche fir Salvatorem ass a sech op en Hellegtum op der Kopp vu Saint-Sauveur just niewendru bezitt. Déi Kopp läit an engem Quartier, deen ale Kadasterpläng no fréier Lindux geheescht huet, en Numm deen no an no an de Vergiess geroden ass.

De Stäil besteet aus zwéin Deeler. Den ënneschten ass e ronne Sockel mat enger Wandrous. Driwwer steet den eigentleche Stäil mat engem diskusfërmege Kappstéck. Et ass e fréiere Grafsteen dee vum Kierfecht vum Nopeschduerf Sorhapure kënnt.

Litteratur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Sur le Chemin de Saint-Jacques-de-Compostelle an der Literatur