Vézelay

Vu Wikipedia
Vézelay
Land Frankräich
Regioun Bourgogne-Franche-Comté
Departement Yonne
Arrondissement Avallon
Kanton Joux-la-Ville
Postcode 89450
Gemengecode 89446
Koordinaten 47° 27’ 59’’ N
      03° 44’ 54’’ O
Fläch  2 183 ha
Bevëlkerung  492 (1999)

Vézelay ass eng kleng franséisch Stad am Morvan am Departement Yonne an der Bourgogne-Franche-Comté. Et ass de Chef-lieu vum Kanton Vézelay am Arrondissement Avallon. Laanscht d'Uertschaft leeft de klenge Floss Cure.

Vézelay ass eng vun de wichtegste Plazen op de Jakobsweeër. Et ass den Ausgankspunkt an Haaptversammlungsplaz vun de Pilger, déi iwwer d'Via Lemovicensis op Santiago de Compostela trëppelen.

Basilika de la Madeleine.

Déi kleng Stad, déi ee vu wäitem gesäit läit op engem Hiwwel an der Haute-Bourgogne, a si verdeelt sech ronderëm d'Basilika de la Madeleine, déi op e Benediktinerklouschter aus dem 9. Joerhonnert zeréckgeet.

Vu Vézelay aus hunn de Richard Léiwenhäerz an de Philippe Auguste sech de 4. Juli 1190 op de Wee fir den Drëtte Kräizzuch gemaach.

Uertschaft virdrun
 
Jakobswee

Via Lemovicensis
Uertschaft duerno
Saint-Père oder
La Maison-Dieu

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vézelay – Biller, Videoen oder Audiodateien