13. Joerhonnert

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

../.. | 11. Joerhonnert | 12. Joerhonnert | 13. Joerhonnert. | 14. Joerhonnert | 15. Joerhonnert | ../..

Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

  • 1202: Véierte Kräizzuch (bis 1204).
  • 1214: Der Ermesinde hiren éischte Mann Grof Theobald I. vu Bar stierft, si bestit sech nach datselwecht Joer mam Walram III. vu Limburg.
  • 1215: Fënnefte Kräizzuch (bis 1221).
  • 1216: De Jang Ouni Land stierft, an England kënnt den Henry III. un d'Muecht. E konnt de fréiren englesche Besëtz a Frankräich net zréckgewannen. Obwuel en dacks mat de Baronen am Clinch louch a kee staarken Herrscher war, sou konnt en awer wéinstens no der katastrophaler Herrschaft vu sengem Papp Jang Ouni Land d'Positioun vu senger Famill festegen.
  • 1223: De franséische Kinnek Philippe II. stierft, säi Bouf Louis VIII. kënnt fir 3 Joer op den Troun wärend deenen e grouss Deeler vun der Aquitaine vun England zréckeruewert. No sengem Doud 1226 gëtt säi Bouf Louis den Hellege Kinnek, dee Fridde mam engleschen Herrscherhaus schléisst, d'kierchlesch Inquisitioun géint d'Judden a Katharer etabléiert, an zum Siwenten an Aachte Kräizzuch oprifft.
  • 1227: Sechste Kräizzuch (bis 1229).
  • 1235: Der Ermesinde hire Bouf Heinrich V. de Blonden gëtt groussjäreg a regéiert zesumme mat senger Mamm.
  • 1236: Iechternach kritt e Fräiheetsbréif.
  • 1239: Diddenuewen kritt e Fräiheetsbréif.
  • 1244: Lëtzebuerg kritt e Fräiheetsbréif.
  • 1245: Siwente Kräizzuch (bis 1254).
  • 1247: D'Ermesinde stierft, den Heinrich V. regéiert vun do un eleng.
  • 1270: Aachte Kräizzuch (bis 1271), un deem de Lëtzebuerger Grof Heinrich V. deelhëlt, an an deem de franséische Kinnek Louis IX. stierft. Säi Bouf Philippe III. expandéiert no Süden a gewënnt ë. a. d'Grofschaft Toulouse fir d'Kroun.
  • 1272: Den englesche Kinnek Henry III. stierft, säi Bouf Edward I. kënnt op den Troun. Vis-à-vis zu de Besëtzungen um Kontinent ännert sech net wierklech eppes, op der Insel awer ënnerwerft en d'Fierschtentum Wales a marschéiert a Schottland a fir de schottesche Kinnek John Balliol ofzesetzen, wat zum Schotteschen Onofhängegkeetskrich féiert.
  • 1281: Lonkech, Rodange, Rolleng, Lénger, Nidderkäerjeng a Péiteng kréien e Fräiheetsbréif. Den Heinrich V. stierft a säi Bouf Heinrich VI. gëtt Grof vu Lëtzebuerg.
  • 1285: Doud vum franséische Kinnek Philippe III. Säi Bouf Philippe IV. iwwerhëlt den Troun a beusprocht eng quasi-absolutistesch Autoritéit. Bis zum Enn vum Joerhonnert ass en an engem andauernde Krich géint Flandern.
  • 1288: Schluecht vu Worringen, bei där all véier Bouwe vum Heinrich V. stierwen, dorënner den Heinrich VI. Deem säi Bouf gëtt als Heinrich VII. Grof vu Lëtzebuerg.

Wichteg Persounen[änneren | Quelltext änneren]

Erfindungen an Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

  • De Leonardo Fibonacci huet ugaangs vum Joerhonnert d'indesch-arabesch Zuelen an Italien bekannt gemaach, vu wou aus se sech am Rescht vun Europa verbreet hunn.
  • An der zweeter Hallschent vum Joerhonnert gouf de Brëll erfonnt (sou tëscht 1270 an 1290 an Italien). Et konnt awer just bei Wäitsiichtegkeet gehollef ginn, speziell geschlaffent Glas oder Kristaller haten e Vegréisserungseffekt dee fir d'Liese genotzt konnt ginn. Dat war entweder eng Lëns déi een un d'A hält oder et waren zwou Lënsen déi op der Nues sëtzen, awer där hiert Gestell nach net hannert d'Ouere gräifen (dat koum eréischt ugaangs vum 17. Jh.).

Joren[änneren | Quelltext änneren]

13. Joerhonnert
1201 1202 1203 1204 1205 1206 1207 1208 1209 1210 1211 1212 1213 1214 1215 1216 1217 1218 1219 1220
1221 1222 1223 1224 1225 1226 1227 1228 1229 1230 1231 1232 1233 1234 1235 1236 1237 1238 1239 1240
1241 1242 1243 1244 1245 1246 1247 1248 1249 1250 1251 1252 1253 1254 1255 1256 1257 1258 1259 1260
1261 1262 1263 1264 1265 1266 1267 1268 1269 1270 1271 1272 1273 1274 1275 1276 1277 1278 1279 1280
1281 1282 1283 1284 1285 1286 1287 1288 1289 1290 1291 1292 1293 1294 1295 1296 1297 1298 1299 1300

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 13. Joerhonnert – Biller, Videoen oder Audiodateien