Walram III. vu Limburg
![]() |
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Walram III. vu Limburg | |
---|---|
![]() | |
Titelen | |
Biographie | |
Gebuer | 1175 jul. |
Gestuerwen |
2. Juli 1226 jul. Abtei Rolduc |
Bestuet mat |
Kunigunde vu Loutrengen, Ermesinde vu Lëtzebuerg |
Papp | Heinrich III. |
Mamm | Sophie vu Saarbrécken |
Geschwëster | Heinrich IV., Friedrich vu Lummen, Gerard I. vun Wassenberg, Simon vu Limburg, Jutta vu Limburg, Matill vu Limburg, Isolde vu Limburg, Macharius |
Kanner | Heinrich IV., Gerhard vun Durbuy, Heinrich V., Walram vu Monschau, Katrin vu Limburg, Matill vu Limburg, Sophie vu Limburg, Jutta vu Limburg |
![]() |
De Walram III. vu Limburg[1]), gebuer ëm 1160, a gestuerwen Enn Mee 1226 um Réckwee aus Italien, war Här vu Monschau (Montjoie). Hie war vun 1221 bis 1226 Herzog vu Limburg a vun 1214 bis 1226, mat senger Fra Ermesinde och Grof vu Lëtzebuerg a Markgrof vun Arel.
Hie war den zweete Bouf vum Heinrich III., Herzog vu Limburg a vun der Sophie vu Saarbrécken.
Duerch säin zweet Bestietnes (1214) mat der Gräfin Ermesinde (aus dem Haus Namouer), gouf de Walram Grof vu Lëtzebuerg (de iure uxoris) a war domat an den Ierfschaftsstreidereien tëscht Lëtzebuerg an Namouer bedeelegt.
Aus sengem éischte Bestietnes mat der Kunigunde vu Loutrengen hat hien op d'mannst véier Kanner an och op d'mannst véier Kanner mat senger zweeter Fra Ermesinde.
Éierung
[änneren | Quelltext änneren]Fir un de Walram z'erënneren, gouf an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no him genannt: d'Rue Walram leeft am Quartier Belair vun der Avenue du X septembre a Richtung Süden, an de Quartier Hollerech, a stéisst do op d'Rue Auguste Neyen[1].
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 (de) Fanny Beck, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?. onsstad.vdl.lu. Gekuckt de 14.10.2024.