Herzogtum Limburg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Herzogtum Limburg. Fir aner Entitéite mat deem Numm, kuckt wgl. Limburg.
Wopen
Lag

D'Herzogtum Limburg war e Staat am Hellege Réimesche Räich. E louch tëscht der Meuse an der fräier Räichsstaat Oochen, gréisser Stied ware Limburg an Eupen. Nopere waren d'Prënzbistum Léck am Westen, d'Fürstentum Stavelot-Malmedy an d'Grofschaft Lëtzebuerg am Süden, an d'Herzogtum Jülich am Osten.

Et ass ëm 1020 als Grofschaft Limburg entstanen, mat de Grofe vu Limburg, déi an der Buerg Limburg hire Sëtz haten. 1100 gouf et en Herzogtum. 1283 ass, mam Doud vum Walram IV., dee keng männlech Nofollger hat, d'Linn am Haus Limburg ausgestuerwen. Et koum zum Sträit tëscht zwee méiglechen Ierwen, deen an der Schluecht vu Worringen (1288) säin Héichpunkt hat. Als Suite vun där Schluecht ass d'Herzogtum Limburg un d'Herzoge vu Brabant gefall, déi et a Personalunioun regéiert hunn.

Méi spéit gouf d'Herzogtum Limburg mat Nopeschterritoirë wéi Dalhem, Valkenburg an Hertogenrade zu enger vun de Siwwenzéng Provënzen vun de Burgundeschen Nidderlanden zesummegeluecht. Nom Achzegjärege Krich an dem Spueneschen Ierffollegkrich huet d'Herzogtum Limburg sech op der Säit vun den Habsburger Nidderlanden erëmfonnt.

No der gescheiterter Brabanter Revolutioun, 1789, war et dunn eriwwer mam Herzogtum, wéi bis 1793 Franséisch Truppen et besat hunn an et en Deel vu Frankräich gouf.

Ausbléck[änneren | Quelltext änneren]

Nom Wiener Kongress gouf de gréissten Deel vum Territoire vum fréieren Herzogtum Limburg en Deel vun de Vereenegten Nidderlanden. Eng nei geschafen administrativ Eenheet, d'Provënz Limburg, krut zwart deen Numm, war awer méi grouss wéi d'Herzogtum, an d'Stad Limbourg selwer war och net an där Provënz. No der Belscher Revolutioun gouf d'Provënz, wéi och d'Groussherzogtum Lëtzebuerg, tëscht der nei geschafener Belsch an dem Kinnekräich vun den Nidderlande gedeelt.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

De Kéis Limburger kënnt ursprénglech aus där Géigend; en ass hautesdaags lokal als Fromage de Herve bekannt.