Pays d'Outremeuse

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Herzogtum Limburg an d'Pays d'Outremeuse, 1600

De Begrëff Pays d'Outremeuse steet fir e puer kleng Gebidder déi Säit der Meuse vu Bréissel (Brabant) aus gesinn, also um rietsen Uwänner vun der Meuse an ëstlech vum deemolege Prënzbistum Léck.

D'Pays d'Outremeuse hunn aus de Gebidder ronderëm Dalhem, Valkenburg (fr.: Fauquemont) an Herzogenrath (nl.: s'Hertogenrade; fr.: Rolduc) bestanen. Si hunn, am Laf vun der Zäit, d'Schicksal vun der Grofschaft a spéiderem Herzogtum Limburg, gedeelt, respektiv vum Herzogtum Brabant.

Wéi d'Herzogtum Brabant, deem Limburg zanter der Schluecht vu Worringen am Joer 1288 ugeschloss war, 1399 an de Besëtz vum Herzog vu Burgund koum, sinn och d'Pays d'Outremeuse een Deel vun den Nidderlande ginn, déi noeneen dem Haus Burgund an dem Haus Habsburg gehéiert hunn. Et däerf een net aus den Ae verléieren, datt d'Haus Habsburg sech nom Karel V. an zwou Linne gedeelt huet. Dofir fanne mer d'Pays d'Outremeuse nom Karel V. an de spueneschen Nidderlanden a spéider, nom spueneschen Ierffollegkrich, vu 1713/14 bis 1794/95 an den Éisträicheschen Nidderlanden. No engem Opstand, an der Regierungszäit vum Philipp II. vu Spuenien, hunn d'Nidderlande sech gedeelt: am Norden ass eng Republik vu siwen onofhängege Provënzen entstanen, an de Süden ass weiderhi vun de Spuenier regéiert ginn. D'Kampfhandlungen hu sech awer weidergezunn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Achtzegjärege Krich.

1632, wéi de Friedrich Heinrich vun Oranien, am Numm vun der Republik vun de Vereenegte Provënzen, déi befestegt Plaze vu Venlo, Roermond a Maastricht bei senger Marche de la Meuse ageholl huet, koumen d'Pays d'Outremeuse ganz schéin ënner Drock.

De 26. Dezember 1661, an engem Vertrag, deen zu Den Haag ënnerschriwwe gouf, ass d'Hallschent vun de Pays d'Outremeuse vun de spueneschen Habsburger un d'Republik vun de Vereenegte Provënzen ofgetruede ginn: Dalhem, Valkenburg a véier Dierfer bei 's-Hertogenrade waren dobäi. Déi Hallschent awer, déi bei de spueneschen Habsburger bleiwe konnt, huet een eegene "Quartier" gebilt, dee sech institutionell méi enk u Limburg ugeleent huet. Den 29. Januar 1778 hunn d'Ständevertriedung vum Limburg an déi dräi Vertriedunge vun deem, wat vun de Pays d'Outremeuse bei den Habsburger bliwwe war, souguer eng eenzeg gemeinsam Vertriedung misse bilden.

Wéi d'Franséisch Revolutioun sech no Norden exportéiert huet, sinn déi Éisträichesch Nidderlande vun der éischter franséischer Republik annektéiert an an Departementer nei opgedeelt ginn. Wat elo d'Pays d'Outremeuse ubelaangt, sou goufen Dalhem a Valkenburg an den Departement Ourthe mat dem Haaptuert Léck integréiert, 's-Hertogenrade, dogéint, an den Departement Meuse-Inférieure mam Haaptuert Maastricht. No der Franséischer Revolutioun an dem Napoléonszäitalter, wéi dann e Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden vum Wiener Kongress geschaf gouf, koumen Dalhem a Valkenburg bei d'Provënz Léck, déi den Département de l'Ourthe ofgeléist hat. D'Uertschaft 's-Hertogenrade, déi léiwer bei den Nidderlande bliwwe wier, ass dem Kinnekräich Preisen zougewise ginn (=> Herzogenrath). Schlussendlech ass déi westlech Hallschent vun 's-Hertogenrade bei d'Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlande komm an huet do eng nei Gemeng ënner dem Numm Kerkrade gebilt. Als Deel vun der Provënz Limburg, déi den Département de la Meuse-Inférieure ersat hat, ass se am Kontext vun der Belscher Revolutioun vun der nei gegrënnter Belsch revendikéiert ginn, ass awer no der Deelung vun der Provënz Limburg 1839 bei Holland bliwwen. Kerkrade an Herzogenrath bilden haut eng grenziwwerschreident Duebeluertschaft déi sech den Numm Eurode zougeluecht huet, mat engem gemeinsame Geschäftszentrum op der Grenz, dem EBC.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ch. Rahlenbeck, Les Pays d'Outre-Meuse: Dalhem, Fauquemont et Rolduc ; Bréissel, 1888.
  • Michel Margue & Michel Pauly, Luxemburg vor und nach Worringen 1288 - Die Auswirkungen der Schlacht von Worringen auf die Landesorganisation sowie die Territorial- und Reichspolitik der Grafen von Luxemburg-[Limburg] ; in: Jahrbuch für westdeutsche Landesgeschichte, 16 (1990); Ss. 111-174.
  • M. Dewez, Dictionnaire géographique du Royaume des Pays-Bas, ou description physique, historique et politique des provinces, villes et endroits remarquables de ce royaume, sous le rapport de leur état tant ancien que moderne ; Bréissel, beim Adolphe Stapleaux, 1819; 489 Säiten (+ 1 grouss Kaart).
  • John Gilissen, Le régime représentatif avant 1790 en Belgique ; Bréissel, 'La Renaissance du Livre', 1952; 142 Säiten.
  • J. Thielens, Les Assemblées d'États du Duché de Limbourg et des Pays d'Outre-Meuse au XVIIe siècle ; in: Anciens Pays et Assemblées d'États, Bd. XLIII (1968); Heule, bei Kortrijk/Courtrai, Verlag UGA; 148 Säiten.