Diskussioun:Pays d'Outremeuse

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Salut, Do ass jo mat vill Kurasch eng extrem komplex Saach ugepaakt ginn. Ech bidde mech un, fir nach dru piddelen ze goën, mee ët soll kee mengen, ech wéilt hei ee widder de Kapp wëlle stoussen. Bis bal, Chris

Offer ugeholl, fuer duer! --Otets 12:01, 10. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut, Ech hunn elo laang genuch - fir haut - drugeschafft. Lo gëtt gepaust. Duerno kucken ech, ob ët néideg ass, fir dat Ganzt nach auszëbauen. Ech mengen zwar nët... Ciao, Chris


Moien,

Ass et wierklech net méiglech korrekt Linken einfach stoen ze lossen????

Ech fänken un deeës richteg sat ze kréien, all Kéiers hannen drun ze pilgeren an d'Linken ze verbesseren. An Zukunft huelen ech un datt dat express gemaach gëtt, an da ginn all déi IPen déi dat maachen mol gespaart. Les Meloures 14:04, 10. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Remoien,

War den Numm vum Brabänneschen Herzog net richteg datt deen elo aus dem Kontext verschwonnen ass? Les Meloures 15:18, 10. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Bonjour, 't ging ze wäit féieren, wa mer elo déi verschidden Hären (Brabant, Limburg, Dalhem, asw.) gengen HEI mat abauen. D'Herzogtum Brabant ass jo mat de Pays d'Outremeuse verlinkt. Deemno geet schonn näischt verluer... Zemol wou ee geng riskéiere, d'reliéis Komponent mussen ze berücksichtigen. Bei Rolduc gouf ët ee Klouschter, deem säin Abt an de Stänn vum Herzogtum Limburg soutz... Ech mengen, dat heiten ass gutt. Äddi, Chris (10/08/2010; 18.00)


Wann et gutt ass da sinn ech frou.
Ech huelen un den Achtzegjährege Krich hätt dann och ze wäit gefouert, en huet jo och ze laang gedauert.
Les Meloures 16:05, 10. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut, Den 80-jährege Krich ass implizit erwähnt! En erstreckt sech vum Opstand vun den Nidderlande géint dem Philipp II. säin Zentralismus an Absolutismus an dauert am Fong - iwwert d'Deelung vun den Nidderlanden eraus (=> eng onofhängesch Republik + e reduzéiert Gebitt, dat nach just "südlech/kathoulesch/spuenesch Nidderlanden" heescht) - bis zum Westphälesche Fridden (1648). Iwwer Linken misst een dee Krich fannen. Awer hei ass e nëmmen um Rand z'erwähnen..., oder? Ciao, Chris

Gudde Moien,

ad: iwwer Linken misst een dee Krich fannen.
Hei war de Krich ernimmt a velinkt. Deemno besteet Méiglechkeet fir en direkt ze fannen, am Fall wou et den Artikel gëtt. Am Fall wou et den Artikel net gëtt, steet de Link rout do. Da gesäit de Lieser datt et deen Artikel nach net gëtt, an de roude Link mécht anner Mataarbechter drop opmierksam, datt esou en Artikel nach unzeleeën ass.
ad: Den 80-jährege Krich ass implizit erwähnt
Wouhir soll e Lieser deen net an der Geschicht superverséiert ass erausfannen, datt den achtzegjährege Krich implizit erwähnt ass, wann en net do steet?
An aneren Artikelen sot der, se wiere schwaaaaach, net nuancéiert, net genuch detailléiert, an an dësem, wou dann Detailer nogesicht an duerch Linken opgefouert sinn, ginn se eraus geholl. Do verstinn ech beim beschte Wëllen d'Welt net méi.
Dann nach eng generell Informatioun. D'Wikipedia heescht esou well se mat Wikië funktionnéiert, an dat sinn eben déi intern Linken déi direkt zu engem Artikel féieren. Dat ass ee vun den Haaptzwecker vun der Wikipedia. D'Zil ass fir där sou vill wéi méiglech ze setzen, fir déi Interaktivitéit sou grouss wéi méiglech ze maachen. Et gëtt och dozou Statistike mat Apreciatiounen, vun de verschiddene Wikien déi ech awer elo net direkt erëmfonnt hunn, an deene festghalen ass water Wikien am beschte verlinkt sinn.
Les Meloures 20:13, 10. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]
ad IP "83.99.51.169"
Dës Ip huet elo an Zäit vu 5 Minutte verschidden Ännerunge gemaach, an huet an zwou Diskussioune verschidden ënnerschriwwen. Do ass op d'mannst een derbei dee Vandalismis an enger Kategoriessäit gemaach huet. Dofir gouf se och gespaart? Wann der also ënner IP funktionnéiert braucht der Iech net wonneren, datt Dir eventuell duerch aneren hiert schlecht Behuele matgespaart sitt. Dat ass fir d'Wikipedia déi eenzeg Méiglechkeet esou Saachen auszeschalten. Les Meloures 20:26, 10. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]
Zemol wou ee geng riskéiere, d'reliéis Komponent mussen ze berücksichtigen
Firwat soll ee bei enger einfacher Informatioun mussen eng reliéies Komponent berücksichtegen. An der Wiki wéi an all aner Enzyklopedie och, geet et emol fir unzefänken duer datt, dat wat do ze liesen ass korrekt ass. Water Komponenten ze berücksichtege sinn fir an Detailer ze goen dat ass eng aner Gei. Dofir ginn et jo eben d'Wikilinken, fir datt dat an deem Artikel ka weider erkläert ginn.
Am Artikel vun de Referendummen zu Lëtzebuerg goufen och esou Allusiounen dra gesat, déi warscheinlech net onbedingt falsch sinn, awer eesäiteg interpretéiert sinn. Dat fannen ech enzyklopedesch falsch. En plus sollen esou Informatiounen a Foussnotten do stoen an net am Text. Les Meloures 21:28, 10. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]
Et wier effektiv méi einfach wann de Chris sech giff e Benotzernumm uleeën, da misst een net den IPen nolafen.
Gemenkerhand fannen ech, datt ee besser huet, méi Informatiounen an engem Artikel ze hu wéi ze mann. Wann da wierklech esouvill zevill drasteet, datt een et an en eegenen Artikel kann auslageren, dann ass dat natierlech eng gutt Saach, mee virdrun net onbedingt. An et dann natierlech net implizit verlinken, mee explizit. ;-)
Vu datt de Chris relativ vill Bicher zur Hand ze hu schéngt, misst et jo u sech spilles vun Hand goen, dem Les Meloures d'Referenzen derbäizesetzen. Dat mécht alles méi lit nozevollzéien, ëmmerhi wëlle mer jo enzyklopädeschen Niveau erreechen, iergendwann. Mee dofir musse mer och dermat ufänken.
An deem Sënn, fuert duer, nei Artikele sinn ëmmer gär gesinn, déi hëlt ni ee kromm. A wann et spéider eppes ze diskutéiren oder ze änneren sollt ginn, firwat net, et ass jo eng Wiki-pedia.
--Otets 22:53, 10. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]