Nidderkäerjeng

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Luxembourg geo stub.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nidderkäerjeng
Blason ville lux Bascharage.svg
Bascharage.JPG
Nidderkäerjeng
An anere Sproochen fr: Bascharage
de: Niederkerschen
Land Lëtzebuerg
Kanton Kapellen
Gemeng Käerjeng
Buergermeeschter Michel Wolter (CSV)
Awunner 5.083 (2006)
Fläch 855,1179 ha[1]
Koordinaten 49° 34’ 00’’ N
     05° 54’ 37’’ O
Websäit http://www.bascharage.lu

Nidderkäerjeng ass eng Uertschaft an der Gemeng Käerjeng, am Kanton Kapellen. Si war bis enn 2011 den Haaptuert vun der fréierer Gemeng Nidderkäerjeng.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Nidderkäerjeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg. D'Kuer, eng vun deene wéinege lëtzebuergesche Baachen déi zum Meusebasseng gehéiert, fléisst durch Nidderkäerjeng. No beim Rond-Point vun der Biff fléisst d'Mierbaach an d'Kuer.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der Zäit vum franséische Regime d. h. vum Directoire bis zum Enn vum Premier Empire war Käerjeng Haaptuert vun engem franséische Kanton am Département des Forêts.

D'Geschicht vun der Uertschaft ass enk mat der Geschicht vun der Lëtzebuerger Stolindustrie verwuerzelt. Grad wéi déi aner Gemengen an Uertschaften aus dem Süden huet och Nidderkäerjeng d'Rezessioun am Stolsekteur ze spire kritt, net zulescht wëll vill Awunner op der Schmelz hiert Brout verdéngt hunn.

No dëser Kris huet Nidderkäerjeng sech op industriellem Plang weiderentwéckelt an eng Rei grouss Betriber wéi d'General Motors, d'Luxguard oder nach d'TDK hu sech do néiergelooss.

Am Ufank vum Zweete Weltkrich koum et zu Käerjeng zu Reiwereien tëscht der Wehrmacht a franséischen Truppen. Dobäi hunn den 10. Mee 1940 néng Spahisen aus dem Generol P. Jouffrault senger 1. Spahis-Brigade hiert d'Liewe gelooss. Eng Plack op engem Stee bei der Parkplaz vun der Käerjenger Gare erënnert dorun.

Perséinlechkeete vun Nidderkäerjeng[änneren | Quelltext änneren]

Ee vun de bekanntsten Nidderkäerjenger war de Sculpteur Claus Cito deen zu Lëtzebuerg haaptsächlech wéinst der Gëlle Fra bekannt ass.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nidderkäerjeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.