Op den Inhalt sprangen

Gemeng Nidderkäerjeng

Vu Wikipedia
Nidderkäerjeng
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Bascharage
de: Niederkerschen
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Awunner 7.285
  13.06.2006
Fläch 1.913,1055 ha
Héicht 285 m
Koordinaten 49° 34’ 00’’ N
      05° 54’ 37’’ O
D'fréier Gemeng Nidderkäerjeng (orange) am Kanton Capellen (rout)

D'Gemeng Nidderkäerjeng war bis Enn 2011 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Capellen. Haaptuert war d'Uertschaft Nidderkäerjeng.

Nidderkäerjeng war eng vun den historesche Gemengen, déi am Ufank vum 19. Joerhonnert gegrënnt goufen[1]; se huet op den 1. Januar 2012 mat der Gemeng Kënzeg zu der Gemeng Käerjeng fusionéiert.

Uertschaften an der fréierer Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]

Fusioun mat Kënzeg zu der Gemeng Käerjeng

[änneren | Quelltext änneren]

Den 18. Mee 2010 huet de Käerjenger Gemengerot, dee selwechten Dag wéi dee vun der Gemeng Kënzeg, engem Accord zu enger Fusioun tëscht deenen zwou Gemengen zougestëmmt.[2] Bei engem Referendum, de 5. Dezember 2010 hunn an den zwou Gemengen eng Majoritéit vun de Wieler sech fir eng Fusioun ausgeschwat (58 % zu Nidderkäerjeng, 56,17 Prozent zu Kënzeg).[3] Deemno konnt d'Fusioun den 1. Januar 2012 rechtsgëlteg ginn.

Buergermeeschtere vun der fréierer Gemeng

[änneren | Quelltext änneren]
Beschreiwung am Originaltext:

De gueules à la croix ancrée d'argent chargée en chef d'un lambel de cinq pendants d'azur

D.C. ? - A.M. 21. Juli 1969 - Mémorial B 1969, Säit 672 - Projet: Antoine May 1969.
De Wope vun Nidderkäerjeng entsprécht genee deem vum Raoul vu Sterpenich (De gueules à la croix ancrée d'argent, chargé en chef d'un lambel de cinq pendants d'azur), deen zesumme mam Grof Heinrich V. vu Lëtzebuerg Här vu Käerjeng a vu Lénger war, a soumat Coauteur vum Fräiheetsbréif vum 4. Abrëll 1281.[1]

Interkommunal Syndikater

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Jean-Albert Fisch (Ed.): Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg. Lëtzebuerg, ISBN 2-87969-000-5, S. 27 (fr).
  2. "D'Gemeng Kënzeg fusionéiert mat der Gemeng Nidderkäerjeng." rtl.lu, 18.05.2010, 15:56 - Fir d'lescht aktualiséiert: 18.05.2010, 20:35.
  3. "Bürger sagen Ja: Aus Niederkerschen und Küntzig wird Käerjeng." wort.lu, 05.12.2010 16:24.
  4. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844