Gare Nidderkäerjeng-Suessem
|
Loftbild vun der Gare Nidderkäerjeng–Suessem, mat engem Zuch a Richtung Péiteng (2025) | |
| Typ | Gare |
|---|---|
| Status | am Gebrauch |
| opgaang | 1900 |
| Lag vun der Statioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Käerjeng |
| Koordinaten | 49°33'29,095"N, 5°55'28,675"O |
| Héicht i. M. | 303 m |
| Reseau | |
| Statiounscode | Ba |
| Bedreiwer | CFL |
| Reseau | CFL-Zuchreseau |
| Streck(en) | CFL-Linn 7 |
| P.K. | 17 km, 3,458 km |
| Gleiser mat Quai | 2 |
| Passagéier/Joer | 434.222 |
| (2022) | |
| Nopeschstatioun(en) |
Gare Schuller, Gare Péiteng |
| Websäit | https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Bascharage-Sanem |
|
| |

D'Gare vun Nidderkäerjeng–Suessem ass eng Gare op der Eisebunnsstreck Péiteng - Lëtzebuerg, tëscht der Gare vu Schuller an där vu Péiteng vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit um südleche Wupp vum Boulevard John F. Kennedy zu Nidderkäerjeng, op der Strooss (CR110) fir op Suessem, an der Gemeng Käerjeng. D'Gare läit op enger Héicht vun 303 Meter, um Kilometerpunkt 3,458 vun der Streck Péiteng - Lëtzebuerg.
D'Gare huet kee Receptiounsgebai. Fir Schutz géint de Reen ass gesuergt mat verschiddene Plazen déi een Dach ubidden. Et gëtt e gratis Park & Rail-Parking mat 227 Parkplazen a 6 speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen. Nieft der Gare ass och eng Bus-Gare.
An der Gare halen d'Zich (Regionalbunn a Regionalexpress) vun der CFL-Linn Lëtzebuerg - Nidderkäerjeng-Suessem - Péiteng - Rodange, wou d'Linn sech da spléckt an op Attem an der Belsch oder op Lonkech a Frankräich viru leeft.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gare vun Nidderkäerjeng-Suessem ass den 8. September 1900, zesumme mat der Ouverture vun der Streck vu Lëtzebuerg op Péiteng opgaangen, déi vum „Prënz“, der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri, kuerz PH, bedriwwe gouf.
Den 19. November 1984 ass ëstlech vun der Gare, déi 4,020 km laang Streck fir bei d'WSA zu Suessem opgaangen.
Tëscht 2008 an 2009 gouf d'Gare wéinst dem Ausbau op zwee Gleiser, komplett ëmgebaut. Dat aalt Gebai vun der Gare gouf of- an d'Barriär um CR110 ewechgerappt. Op der Plaz wou dat fréiert Gebai vun der Gare stoung, gouf eng Bréck iwwer d'Strooss gebaut.
| Vu(n) | Bis | Chef de Gare |
|---|---|---|
| (1909?) | 1910 | Ch. Warny |
| 1911 | 1913 | H. Brandenburger |
| 1914 | … | L. Gosselin |
| … | 1921 | F. Clees |
| 1922 | 1940 | ? Braun |
| 1947 | 1964 | Fernand Schroeder |
Trivia
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 1952 krut d'Gare Nidderkäerjeng-Suessem de „Grousse Präis“ am Concours vun de schéinste Blummendekoratiounen an de Garen[1].
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Februar 2025)
Linn Lëtzebuerg ↔ Rodange ↔ Attem/Lonkech
[änneren | Quelltext änneren]Aller
[änneren | Quelltext änneren]| Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
|---|---|---|---|---|---|---|
| Lëtzebuerg | Schuller | RB | Péiteng | Attem | ||
| Lëtzebuerg | Dippech-Reckeng | RE | Péiteng | Lonkech | ||
Retour
[änneren | Quelltext änneren]| Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
|---|---|---|---|---|---|---|
| Attem | Péiteng | RB | Schuller | Lëtzebuerg | ||
| Lonkech | Péiteng | RE | Dippech-Reckeng | Lëtzebuerg | ||
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gare Nidderkäerjeng-Suessem – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen an der Gare Nidderkäerjeng-Suessem
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Nidderkäerjeng-Suessem op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Nidderkäerjeng-Suessem op der Websäit "rail.lu"
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Niederkerschen-Sassenheim. Luxemburger Wort, 105. Jg., n° 330, p. 6. (25.11.1952). Gekuckt den 09.03.2025.
- Quell vum Kapitel „Geschicht“, wou net anescht uginn: Klein, Arthur, and Amis de la ligne de chemin de fer de l’Attert. 100 Jahre Eisenbahnstrecke Luxemburg-Petingen: direkte Eisenbahnverbindung Luxemburg-Longwy (Paris) über Dippach-Reckingen. Grass-Kleinbettingen: D’Frënn vun der Atertlinn, 2000. Print. (S. 177-202)

