Gare Dippech-Reckeng
![]() D'Dräikantonstrooss um Lieu-dit Dippecher Gare, mat der CFL-Halt Dippech-Reckeng | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1900 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Dippech |
Uertschaft | Dippech-Gare |
Koordinaten | 49°34'20,759"N, 5°59'42,868"O |
Héicht i. M. | 320 m |
Reseau | |
Statiounscode | Dr |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
Linn(en) | CFL-Linn 7 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Passagéier/Joer | 184.775 |
(2022) | |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Leideleng, Gare Schuller |
Websäit | https://www.cfl.lu/fr-FR/network/station/Gare-de-Dippach-Reckange |
![]() | |

D'Gare Dippech-Reckeng ass eng Gare op der Eisebunnsstreck Péiteng - Lëtzebuerg, tëscht der Gare Leideleng an der Gare Schuller vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit um Lieu-dit Dippecher Gare, no bei Reckeng op der Mess. Nieft der Gare ass d'Barriär op der N13. Dat fréiert Gebai gouf am Juli 2010 ofgerappt, wéi d'Eisebunnsstreck op zwee Gleiser ëmgebaut gouf.
An der Gare halen d'Zich (Regionalbunn a Regionalexpress) vun der CFL-Linn Lëtzebuerg - Nidderkäerjeng-Suessem - Péiteng - Rodange, wou d'Linn sech da spléckt an op Attem an der Belsch oder op Lonkech a Frankräich viru leeft.
D'Gare Dippech-Recken huet e gratis Park & Rail-Parking mat 70 Parkplazen a 6 speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.[1]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gare Dippech-Reckeng ass den 8. August 1900, zesumme mat der Ouverture vun der Streck vu Lëtzebuerg op Péiteng opgaangen, déi vum „Prënz“, der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri, kuerz PH, bedriwwe gouf.
Zënter Abrëll 1994 ginn d'Signaler an d'Weiche vum zentrale Stellwierk an der Stad aus gesteiert an Enn 1995 war et fir zerguttst mam Billjeesverkaf an der Gare eriwwer.
Dat fréiert Gebai vun der Gare ass am Juli 2010 ewechgerappt ginn, wéi d'Streck an der Gare zweegleiseg ausgebaut gouf.
Vu(n) | Bis | Chef de Gare |
---|---|---|
(1909) | 1911 | A. Trierweiler |
1911 | 1914 | J. P. Thill |
1915 | 1921 | ? Braun |
1922 | 1932 | J. P. Bollendorf |
1933 | 1940 | Jos. Bisenius |
(1947) | … | Louis Oberweis |
… | 1953 | Victor Grégoire |
1954 | 1955 | Pierre Wagner |
1956 | 1964 | J. P. Reckinger |
1965 | 1974 | Jean Streitz |
1975 | 1982 | Edouard Bohler |
Zich déi an der Gare halen
[änneren | Quelltext änneren](Stand: Februar 2025)
Linn Lëtzebuerg ↔ Rodange ↔ Attem/Lonkech
[änneren | Quelltext änneren]Aller
[änneren | Quelltext änneren]Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg | Leideleng | RB | Schuller | Attem | ||
Lëtzebuerg | Hollerech | RE | Nidderkäerjeng-Suessem | Lonkech |
Retour
[änneren | Quelltext änneren]Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Attem | Schuller | RB | Leideleng | Lëtzebuerg | ||
Lonkech | Nidderkäerjeng-Suessem | RE | Hollerech | Lëtzebuerg |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gare Dippech-Reckeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen an der Gare Dippech-Reckeng
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Dippech-Reckeng op der CFL-Websäit (de)
- D'Gare Dippech-Reckeng op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Dippech-Reckeng op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)CFL | Dippach-Reckange. www.cfl.lu. Gekuckt de(n) 01.02.2025.
- Quell vum Kapitel „Geschicht“, wou net anescht uginn: Klein, Arthur, and Amis de la ligne de chemin de fer de l’Attert. 100 Jahre Eisenbahnstrecke Luxemburg-Petingen: direkte Eisenbahnverbindung Luxemburg-Longwy (Paris) über Dippach-Reckingen. Grass-Kleinbettingen: D’Frënn vun der Atertlinn, 2000. Print. (S. 164-169)