Gemeng Dippech

Vu Wikipedia
Dippech
Coat of arms dippach luxbrg.png
ViFassGem.JPG
d'Gemengehaus zu Schuller.
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Dippach
de: Dippach
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Buergermeeschter Manon Bei-Roller (LSAP)
Awunner 4.461
  1 Januar 2021
Fläch 1.742 ha[1]
Héicht 368 m
Koordinaten 49° 35’ 16’’ N
      05° 58’ 47’’ O
Websäit http://www.dippach.lu
Map Dippach.PNG
D'Gemeng Dippech (orange)
am Kanton Capellen (rout)

D'Gemeng Dippech ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Capellen. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Schuller.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Dippech läit am Kanton Capellen tëscht de Gemenge Garnech a Mamer am Norden, Bartreng am Osten, Reckeng op der Mess a Suessem am Süden, an Nidderkäerjeng am Westen.

Eng Partie vun der Gemeng läit op engem grousse Plateau, deen deelweis d'Waasserscheed tëscht dem Rhäin- an dem Meusebaseng mécht, mat dem héchste Punkt an den Ierwenhecken am Nordweste vun der Gemeng op 378 Meter.

Vun der Gemengefläch sinn 303 ha Bëscher, an 28 ha Akerland oder Wise sinn am Besëtz vun der Gemeng.[1]

Uertschaften an der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Zu der Gemeng gehéiert och den Uertsdeel Dippecher Gare.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Dierfer Dippech, Betteng, Schuller a Sprénkeng goufen am Mëttelalter fir d'éischt ernimmt.[2]

1795 goufen d'Éisträichesch Nidderlanden, zu deenen deemools och Lëtzebuerg gehéiert huet, vu franséische Revolutiounstruppen eruewert. Lëtzebuerg an déi aner Territoirë goufe vun der neier franséischer Republik annexéiert, an déi véier Dierfer sinn an der Gemeng Dippech regruppéiert ginn.[2]

Wärend dem Zweete Weltkrich ass d'Gemeng net zerstéiert ginn. Den 9. September 1944 hunn amerikanesch Truppen d'Gemeng vum däitsche Besatzer befreit, een Dag virun der Stad Lëtzebuerg.[2]

Dippech ass zanter 1973 mat Landiras aus dem franséischen Departement Gironde jumeléiert.

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Quell:STATEC
Am Joer 11 vum Republikanesche Kalenner (1802-1803) hat d'Gemeng 705 Awunner, dorënner 169 zu Betteng (24% vun der Gemengebevëlkerung), 262 zu Dippech (37%), 86 zu Sprénkeng (12%) an 188 zu Schuller (27%).[2]

2015 hu 4.122 Leit an der Gemeng gewunnt, dorënner 1.172 zu Betteng (28%), 993 zu Dippech (24%), 528 zu Sprénkeng (13%) an 1.429 zu Schuller (35%).[1]

Politik[änneren | Quelltext änneren]

De Gemengerot vun Dippech gëtt zanter 2005 nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Joer CSV DP LSAP LB
2005 5 2 4 -
2011 4 2 5 -
2017 2 2 5 2

LB: D'Lëscht vun de Bierger. Quell: Inneministère / RTL.lu / elections.lu

Buergermeeschteren[änneren | Quelltext änneren]

Qsicon Ueberarbeiten.svg 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Interkommunal Syndikater[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng Dippech ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

Veräinsliewen[änneren | Quelltext änneren]

An der Gemeng Dippech sinn eng Rei Veräiner aktiv, dorënner verschidde Chorallen a Museksveräiner, d'Dippecher Dachsen (Guiden a Scouten), de Kabarä PEPpERONI, de Land Rover Club Lëtzebuerg an d'Hëllefsorganisatioun Dippech hëlleft.[6]

Am Sportberäich gëtt et den Tennis Club Dippech, d'Union Cycliste Dippach, de Bettener Reitclub an den FC Étoile Sportive Schouweiler.[6]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dippech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Site vun der Gemeng Dippech: La commune en chiffres (gekuckt de 16. Mee 2018)
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 Site vun der Gemeng Dippech: Histoire de la commune (gekuckt de 16. Mee 2018)
  3. ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  4. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX
  5. Manon Bei-Roller neue Bürgermeisterin von Dippach op wort.lu gelies 9.10.2017
  6. 6,0 6,1 Site vun der Gemeng Dippech: Associations locales (gekuckt de 16. Mee 2018)