Op den Inhalt sprangen

Jean-Baptiste Didier (1834)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jean-Baptiste Didier (*1834). Fir aner leit mat deem selwechten Numm, kuckt wgl. Jean-Baptiste Didier.
Jean-Baptiste Didier
Gebuer 9. Februar 1834
Dippech
Gestuerwen 6. November 1916
Roudemer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Fonctioun Buergermeeschter, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber
Gielercher Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne
Famill
Kanner Jean-Baptiste Didier

De Jean-Baptiste Didier, gebuer den 9. Februar 1834 zu Dippech, a gestuerwen de 6. November 1916 zu Roudemer, war e lëtzebuergesche Politiker.[1]

1871 gouf de Jean-Baptiste Didier an de Gemengerot vun der Gemeng Roudemer gewielt. De 4. Mee 1877 krut de Jean-Batiste Didier seng Nominatioun als Buergermeeschter vu Roudemer.[2] Hien ass bis 1904 Buergermeeschter bliwwen.[1]

1893 gouf hien als Vertrieder vum Kanton Gréiwemaacher an d'Chamber gewielt an hien huet dat Mandat bis 1911 behal.[1]

Säi Jong Jean-Baptiste war och Deputéierten an der Chamber.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 Kuerz Biographie an Doudesannonce vum Jean-Baptiste Didier am Luxemburger Wort vum 7. November 1916
  2. Memorial N°25 vun 1877 mat der Publikatioun vun der Nominatioun de Buergermeeschtere vu Käerch a Roudemer]
  3. Memorial N°51 vun 1902 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen