Claude Bosseler

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Claude Bosseler, gebuer 1953, ass e lëtzebuergeschen Agronom a Brennereisproprietaire vu Sprénkeng an CSV-Politiker an der Gemeng Dippech.

Hie war foffzénganenhalleft Joer Buergermeeschter vun Dippech a gouf no de Gemengewale vum Oktober 2005 duerch den Ady Hahn un der Spëtz vun enger LSAP-DP-Koalitioun ofgeléist. Nodeem am Dezember 2008 d'Schäffin Gaby Schaul-Fonck der DP de Réck gekéiert hat, krut d'CSV d'Majoritéit am Gemengerot an de Claude Bosseler gouf am Februar 2009 erëm Buergermeeschter.