Camille Pauly
| Camille Pauly | |
|---|---|
| Gebuer |
23. September 1923 Dippech |
| Gestuerwen |
28. Abrëll 1969 Esch-Uelzecht |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun | Athénée de Luxembourg |
| Aktivitéit | Schrëftsteller, Politiker |
| Partei | LSAP |
|
| |
De Camille Pauly, gebuer den 23. September 1923 zu Dippech[1] a gestuerwen den 28. Abrëll 1969 zu Esch-Uelzecht[2], war e lëtzebuergesche Resistenzler, Politiker (LSAP) an Auteur.[3]
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]No der Primärschoul zu Dippech ass de Camille Pauly an de Stater Kolléisch gaangen wou hie kuerz virun der däitscher Invasioun d'Première gemaach huet.[1]
Wéi hien no dräi Méint Arbeitsdienst d'Wehrmachtsuniform net wollt undoen, koum hien 1942 an de Gronn an de Prisong. Duerno huet hie wärend 16[3] (eng aner Quell seet 15[1]) Méint am Ënnergrond gelieft.[3]
Duerno war hie bal e Joer fir de Counter Intelligence Corps vun der amerikanescher Arméi zu Lëtzebuerg, an der Belsch an an Däitschland aktiv.[3]
1945 gouf hie vun der HADIR zu Déifferdeng agestallt wou hien 1960 Chef am Büro vun der Krankekeess gouf.[3]
De Politiker
[änneren | Quelltext änneren]Vun 1963 bis zu sengem Doud 1969 war hie Member am Gemengerot vun der Gemeng Déifferdeng.[1]
Nom Doud vum Déifferdenger Buergermeeschter Jean Gallion ass hien am Oktober 1968 an d'Chamber nogeréckelt an huet dat Mandat bis zu de Chamberwale vum 15. Dezember 1968 behalen.[1]
Den Auteur
[änneren | Quelltext änneren]De Camille Pauly war och als Auteur vun Theaterstécker aktiv.
Zu senge Wierker zielen:
- Ons Jongen, Theaterstéck iwwer zwangsrekrutéiert Zaldoten an der däitscher Arméi
- D'Le'ft op Ëmwéen, Operett vertount vum Pol Albrecht.
- De Chef vun der "V" Grupp,
- En treie Kniècht,
- Schwe'er Stonnen,
- D'Nina,
- Et wor am sche'ne Mé,
- D'Famille Lann.[3]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 4 5 Bodry, A. & B. Fayot, 2016. 120 Jor sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber (1896 - 2016): dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des députés. Luxembourg, La mémoire socialiste, 329 p. (Camille Pauly: S. 149).
- ↑ (fr) Doudesannonce vum Camille Pauly. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (30. Abrëll 1969). Gekuckt den 21.04.2023.
- 1 2 3 4 5 6 (de) Goetzinger, Germaine, Camille Pauly. Luxemburger Autorenlexikon. CNL (23 November 2022). Gekuckt den 21.04.2023.
