Op den Inhalt sprangen

Reichsarbeitsdienst

Vu Wikipedia
Fändel vum RAD mat Symbol
De Staatssekretär Konstantin Hierl um Tempelhofer Feld virun der Front vum FAD den 1. Mee 1934

De Reichsarbeitsdienst (RAD) war eng Organisatioun am nationalsozialisteschen Däitsche Räich. D'Gesetz fir de Reichsarbeitsdienst koum de 26. Juni 1935 eraus an am § 1 (2) stoung: Alle jungen Deutschen beiderlei Geschlechts sind verpflichtet, ihrem Volk im Reichsarbeitsdienst zu dienen. Am § 3 (1) stoung: Der Führer und Reichskanzler bestimmt die Zahl der jährlich einzuberufenden Dienstpflichtigen und setzt die Dauer der Dienstzeit fest.

Am Ufank goufen déi jonk Männer, ier se hire Wehrdienst ugefaangen hunn, fir sechs Méint an den Arbeitsdienst agezunn. Am Ufank vum Zweete Weltkrich goufen dunn och déi jonk Fraen agezunn.

RAD zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Am besate Lëtzebuerg gouf de Reichsarbeitsdienst mat der Bekanntmachung über den Eintritt in den Reichsarbeitsdienst vum 12. Februar 1941 agelaut, mat där de Gauleiter Gustav Simon probéiert huet, Lëtzebuerger Jongen a Meedercher fräiwëlleg an den RAD ze lackelen. All Lëtzebuerger am Alter vun 18 bis 25 Joer ageschloss, ass do a Fro komm. Déi éischt Fräiwëlleg goufen am Mäerz 1941 agezunn an am September 1941 entlooss[1]. Well deen Opruff fir op fräiwelleger Basis an den RAD ze goen net den néidegen Erfolleg hat gouf du mat der Verordnung über die Reichsarbeitsdienstpflicht in Luxemburg vum 23. Mee 1941 de Reichsarbeitsdienst obligatoresch gemaach. Gläich drop gouf an der Montereysavenue e Meldeamt ageriicht dat sech sollt ëm Organisatioun vun der Rekrutéierung bekëmmeren[2]. Op déi Manéier goufe bis zum Enn vum Krich 3.376 Meedercher an 11.034[3] Jongen fir 6 Méint an den Arbeitsdienst gezwongen, meeschtens a Lageren am Ausland, wa méiglech wäit am Osten wéi z. B Saalfelden an Éisträich oder um Bismarckhügel bei Liebenfelde an Ostpreisen.

RAD-Lageren zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg waren 10 Lagere fir Jonge geplangt, wovu knapps d'Hallschent gebaut oder benotzt gouf.

  • RAD-Lager Beetebuerg, Am Mosselter
  • RAD-Lager Schrasseg, Schlassgewan
  • RAD-Lager Mutfert, Am Wëllemslach
  • RAD-Lager Hesper, um Holleschbierg
  • RAD-Niewelager Miersch, ni danz fäerdeg ginn
  • RAD-Lager Béiwen-op-der-Atert, gebaut awer ni benotzt[4]

Bibliographie

[änneren | Quelltext änneren]
  • (de) Kiran Klaus Patel: Soldaten der Arbeit. Arbeitsdienste in Deutschland und den USA, 1933-1945, Verlag Vandenhoeck & Ruprecht, Göttingen 2003, 459 p. ISBN 3-525-35138-0. (Englesch: Soldiers of Labor. Labor Service in Nazi Germany and New Deal America, 1933-1945, Cambridge University Press, New York 2005, ISBN 0-521-83416-3). Rezension von Nicole Kramer, 2005.
 Commons: Reichsarbeitsdienst – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Wieder in der Heimat - Die ersten Luxemburger Freiwilligen aus dem RAD entlassen am Luxemburger Wort vum 29. September 1941 gekuckt den 2. Mee 2025
  2. Meldeamt für den ARD am Luxemburger Wort vum 8. Juli 1941, Säit 3 gekuckt den 2. Mee 2025
  3. Livre d'Or des victimes luxembourgeoises de la guerre de 1940 à 1945, Esch/Alzette, 1972.
  4. Luxemburger Wort vum 7. September 1946 gekuckt:04 05.2025