Alex Bodry

Vu Wikipedia
Alex Bodry
(2018)
Gebuer 3. Oktober 1958
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei LSAP

Den Alex Bodry gebuer den 3. Oktober 1958 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Politiker (LSAP).

Liewen a Karriär

No senger Première am Escher Jongelycée huet den Alex Bodry zu Paräis op der Sorbonne Droit studéiert an dës Studien 1981 mat enger Maîtrise ofgeschloss. Hien huet sech doropshin als Affekot um Stater Barreau ageschriwwen.

Vun 1982 bis 1989 war hie Member vum Diddelenger Gemengerot. Hie gouf 1999 Éischte Schäffe vun Diddeleng, an 2004, nodeem de Mars Di Bartolomeo Minister gi war, Buergermeeschter vun där Stad. Hie gouf bei de Gemengewalen 2005 an 2011 a sengem Amt confirméiert. Am November 2014 ass hien aus perséinlechen a beruffleche Grënn zeréckgetrueden.[1]

1984 gouf den Alex Bodry op der Lëscht vun der LSAP fir d'éischt Kéier an d'Chamber gewielt an zanterhier, fir d'lescht bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018, allkéiers erëmgewielt[2]. Hie war vun 2013 bis 2018 President vun der LSAP-Chambersfraktioun.

Tëscht 1989 an 1999 huet hien op säin Deputéiertemandat verzicht a war Minister an de Regierunge Santer-Poos II an III, an och Juncker-Poos, zoustänneg fir d'éischt fir Landesplanung, Ëmwelt, Energie a Kommunikatioun, da fir Landesplanung, Turnen a Sport, Arméi a Jugend. Den 19. Dezember 2019 huet hie säin Deputéiertemandat néiergeluecht, fir den 21. Januar 2020 Member vum Staatsrot ze ginn.[3]

Hie war vun 2004 bis 2014 President vun der LSAP.

Den Alex Bodry huet eng Rëtsch Publikatiounen iwwer juristesch a verfassungsrechtlech Theemen opweises.

Vun 2001 bis 2010 war hie President vun der Fédération luxembourgeoise d'athlétisme. Hien ass och Éierepresident vun der Association luxembourgeoise pour le droit de l'environnement. Den 13. November 2015 gouf hien eestëmmeg vum Gemengerot zum Éierebuergermeeschter vun Diddeleng ernannt.[4]

Hien ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.

Gielercher

Um Spaweck

Commons: Alex Bodry – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. "Alex Bodry trëtt zréck, Nofollger wuel Dan Biancalana." rtl.lu, 07.11.2014, 15:19:11.
  2. elections.lu.
  3. "Assermentation de Monsieur Alex Bodry." Communiqué, 21 Jan. 2020, op conseil-etat.public.lu.
  4. Bodry ist Ehrenbürgermeister wort.lu, 13. November 2015.
  5. Bulletin d'information et de documentation Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg: Les négociations de coalition et la formation du nouveau gouvernement