Mars Di Bartolomeo

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Mars Di Bartolomeo, Juli 2014.

De Mars Di Bartolomeo, gebuer de 27. Juni 1952 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Politiker an zanter dem Dezember 2013 Chamberpresident.

Ëm 1970 huet hien zu Diddeleng am Comité vun der Jeunesse de la ligue ouvrière[1] gewierkt. No senger Première am Escher Jongelycée huet de Mars Di Bartolomeo vun 1972 bis 1984 als Journalist am Tageblatt geschafft.

1984 gouf de Mars Di Bartolomeo, nom Robert Goebbels, dee Minister gi war, Sekretär vun der Chambersfraktioun vun der LSAP. 1987 gouf hien an den Diddelenger Gemengerot gewielt an 1993 an 1999 erëmgewielt. Den 1. Januar 1994 gouf hie Buergermeeschter vun Diddeleng a blouf dat bis 2004.

1989 gouf hie fir d'éischt Kéier an d'Chamber gewielt an zanterhier, zulescht bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013, erëmgewielt. 2004 bis 2009 a vun du bis 2013 huet hien op säin Deputéiertemandat verzicht a gouf Minister fir Gesondheet a Sozialversécherung an de Regierunge Juncker-Asselborn I an II.

Zanter dem 5. Dezember 2013 ass hie President vun der Chamber.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Haag, Emile: Mars Di Bartolomeo *1952, descendant de l'immigration italienne dans le melting pot luxembourgeois, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles (Ss 510-517); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mars Di Bartolomeo – Biller, Videoen oder Audiodateien


Chamberpresidenten

Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine - Charles Metz - Théodore Pescatore - Victor de Tornaco - Jean-Mathias Wellenstein - Jean-Pierre Toutsch - Norbert Metz - Michel Witry - Paul de Scherff - Félix de Blochausen - Jean Pierre Foehr - Jacques-Gustave Lessel - Zénon de Muyser - Emmanuel Servais - Théodore Willibrord de Wacquant - Charles-Jean Simons - Auguste Laval - Edouard Hemmer - François Altwies - René Blum - Emile Reuter - Joseph Bech - Victor Bodson - Romain Fandel - Pierre Grégoire - Antoine Wehenkel - René Van Den Bulcke - Léon Bollendorff - Erna Hennicot-Schoepges - Jean Spautz - Jean Asselborn - Lucien Weiler - Laurent Mosar - Mars Di Bartolomeo
Doyens d'âge: Mathias Ulrich - Jean-Pierre Urwald - Nicolas Wirtgen

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. D'Jeunesse de la ligue ouvrière huet sengerzäit just zu Diddleng existéiert. Doran hate sech déi lokal Jugendsektioune vum deemolege Lëtzebuerger Aarbechterverband (LAV) an der LSAP zesummefonnt.
  2. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' während op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg wëll de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  3. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004