Jean-Pierre Urwald
| Jean-Pierre Urwald | |
|---|---|
| Gebuer |
29. Januar 1905 Gréiwemaacher |
| Gestuerwen |
20. Januar 1994 Gréiwemaacher |
| Alter | 88 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Politiker |
| Fonctioun | Buergermeeschter |
|
| |
De Jean-Pierre Urwald, gebuer den 29. Januar 1905 zu Gréiwemaacher[1] an do gestuerwen den 20. Januar 1994[2], war e lëtzebuergeschen CSV-Politiker.
1969 war hie fir d'éischt als Vertrieder vum Ostbezierk an d'Chamber gewielt ginn. 1974 an 1979 ass hien erëmgewielt ginn.
Hie war vun 1970 bis 1976 Buergermeeschter vun der Stad Gréiwemaacher, vun 1971 un President vun de pensionéierten Handwierker an der Fédération des Artisans a spéider Alterspresident an der Chamber um Krautmaart. Besonnesch huet hie sech agesat fir de Mëttelstand, fir d'Rentewiesen a fir d'Handwierk.
Hie koum aus enger aler Handwierkerfamill. Bei sengem Papp huet hien de Beruff vum Woner geléiert a sech mat der Zäit op de Karrosseriebau spezialiséiert. Niewebäi war hien och Wënzer.
Gielercher an Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]
Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1976)[3]
Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotion 1989)[4]
- Großes Verdienstkreuz des Verdienstordens der Bundesrepublik Deutschland (Promotioun 1980)[5]
- zu Gréiwemaacher gouf eng Strooss no him genannt (L-6772)[6].
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Jean-Pierre Urwald op www.deltgen.com
- ↑ Hommage un de Jean-Pierre Urwald an der 26. Sëtzung vun der Chamber vum Chamberjoer 1993-94 den 20. Januar 1994]
- ↑ Ehrung verdienstvoller Persönlichkeiten des Handwerks am Luxemburger Wort vum 1. Juli 1976 op der Säit 9 op eluxemburgensia.lu
- ↑ (fr) Ordre de la Couronne de Chêne Commandeur. viewer.eluxemburgensia.lu Säit 12. Escher Tageblatt (29.06.1989). Gekuckt den 18.07.2026.
- ↑ (de) E. R., Jean-Pierre Urwald erhielt Bundesverdienstkreuz. Luxemburger Wort. eluxemburgensia (14. November 1980). Gekuckt de 25.01.2023.
- ↑ Grevenmacher : Rue Jean-Pierre Urwald. map.geoportail.lu. Gekuckt den 18.07.2026.
- Gebuer 1905
- Gestuerwen 1994
- Lëtzebuergesch Deputéiert
- Lëtzebuergesch Buergermeeschteren
- Officier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg
- Commandeur de l'ordre de la couronne de chêne
- Buergermeeschtere vu Gréiwemaacher
- Grosses Bundesverdienstkreuz
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass
