Op den Inhalt sprangen

Jean-Pierre Toutsch

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-Pierre Toutsch
Gebuer 28. Januar 1811
Wäiswampech
Gestuerwen 30. Juni 1887
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Fonctioun President vun der lëtzebuergescher Chamber, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber, Conseiller am Staatsrot
Auszeechnungen Grand officier vum Ordre de la Couronne de chêne

De Jean-Pierre Toutsch, gebuer den 28. Januar 1811 zu Wäiswampech[1], a gestuerwen den 30. Juni 1887 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Magistrat a Politiker.

Den 19. Februar 1840 krut de Jean-Pierre Toutsch seng Nominatioun als Riichter vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg[3]. De 24. Juli 1848 ass hie Riichter um Bezierksgeriicht zu Dikrech genannt ginn[4].

De 17. November 1858 gouf hien a senger Qualitéit als Deputéierte vum Kanton Clierf fir d'Sëtzungsjoer 1858 President vun der 'Assemblée des Etats'[5].

Hie war am ganze vun 1848 bis 1875 Deputéierten.[6]

Den 22. Juli 1885 krut de Jean-Pierre Toutsch seng Nominatioun als Member vum Staatsrot zu Lëtzebuerg[7] an hien ass dat bis zu sengem Doud bliwwen[8].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. P. Faber, Grevenmacher, S. 91.
  2. Etat civil de la ville de Luxemborg. In: L'indépendance luxembourgeoise, nº 180/181 (03.07.1887), p. 3 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
  3. Memorial N°11 vun 1840 Archivéiert de 05.03.2016. Gekuckt de 05.10.2015.
  4. Memorial N°58 vun 1848 Archivéiert de 05.03.2016. Gekuckt de 05.10.2015.
  5. Memorial N°29 vun 1858
  6. Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.
  7. Memorial N°46 vun 1885
  8. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert de 04.03.2016. Gekuckt de 05.10.2015.
  9. Memorial N°66 vun 1879