François Altwies

Vu Wikipedia
François Altwies
Gebuertsnumm Franz Joseph Altwies
Gebuer 11. Dezember 1869
Réimech
Gestuerwen 5. Juli 1936
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Nottär
Partei Rietspartei


De François Altwies gebuer den 11. Dezember 1869 zu Réimech, a gestuerwen de 5. Juli 1936 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e Lëtzebuergesche Politiker, Affekot an Nottär.

De François Altwies gouf 1897 Nottär zu Jonglënster an duerno vun 1922 un an der Stad Lëtzebuerg.

Den 20. Juni 1911 gouf hie fir d'éischt als Deputéierte vum Kanton Gréiwemaacher an d'Chamber gewielt. Wéi 1914 d'Rietspartei gegrënnt gouf huet hie sech där ugeschloss, fir déi hien 1915 an 1918 als Deputéierten erëmgewielt gouf.

Hie war zesumme mam Émile Prüm, Joseph Bech, am Auguste Thorn ee vun den Haaptleit an der Rietspartei.

Den 28. Juni 1917, wéi de Léon Kauffman Premier gouf, gouf den Altwies Vizepresident vun der Chamber, an e puer Méint duerno gouf hien als Nofollger vum Edouard Hemmer Chamberpresident, wat e bis 1925 blouf.

Bei de Wale vum 26. Oktober 1919, déi éischt nom Éischte Weltkrich, an no der Verfassungsännerung vum 15. Mee am selwechte Joer, bei där d'allgemengt Walrecht an de Proporzsystem applizéiert goufen, gouf hie fir d'Circonscriptioun Zentrum gewielt, a koum och erëm 1925 an 1931 an d'Chamber.

De 6. Mäerz 1933 gouf hie Member vum Staatsrot an ass dat bis zu sengem Doud bliwwen[2].

De François Altwies hat sech den 21. Mee 1901 mat der Elise Wurth bestuet.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 6. Juli 1936
  2. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot