Léon Bollendorff

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
Léon Bollendorff
BollendorffLéon2.jpg
Gebuer 31. Mäerz 1915
Waasserbëlleg
Gestuerwen 5. Juni 2011
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Resistenzler
Partei CSV
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Léon Bollendorff, gebuer den 31. Mäerz 1915, zu Waasserbëlleg, a gestuerwen de 5. Juni 2011 zu Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Dokter an der Philosophie a Philologie a war vun 1979 bis 1989 President vun der Chamber (CSV). Hie war bestuet mat der Margot Kinnen ( † 2006) an hat 4 erwuesse Jongen.

De Léon Bollendorff war Resistenzler. Nom Generalstreik vun 1942 gouf hie verhaft a koum an d'KZ zu Hinzert an duerno an d'Arbeitslager Dombrowika bei Lublin (Polen).[2]

Carrière[änneren | Quelltext änneren]

  • 1939: Dokter an der Philosophie a Philologie
  • 1939-1969: Professer am mëttleren an héijen Unterrecht
  • 1963-1969: Generalinspekter vun de Primärschoulen
  • 1960-1976: President vun der Federatioun vun de chrëschtlech-soziale Gemengeréit
  • 1955-1993: Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg
    • 1961-1987: Schäffen (ënner fënnef Buergermeeschteren)
  • 1969-1994: Deputéierten
  • 1979-1989: President vun der Chamber
  • 1952-1962: Generalsekretär vun der A.F.P (Action Familiale et Populaire) (Matgrënner 1946)
  • 1970: President vum ONT (Office National du Tourisme)
  • 1970: Grënner vun den Jeunes amis du théâtre, de spéidere Jeunesses théâtrales
  • 1970: Matgrënner an Éierepresident vun der Liga vun de Sportveräiner vun de Primärschoulen (Lasep)
  • 1980: Grënner vum CSV-Seniorenclub
  • 1995: Matgrënner vun der Europäescher Senioren Unioun (E.S.U.)

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "CSV-Politiker Léon Bollendorff mat 96 Joer gestuerwen." rtl.lu - 06.06.2011, 18:23 - Fir d'lescht aktualiséiert: 06.06.2011, 18:45: "Léon Bollendorff ist tot" wort.lu, 06.06.2011 18:02.
  2. Steve Kayser, 2003. L'Athénée de 1945 à 1993. In 400 Joer Kolléisch, Band II: L'Athénée et ses Grands Anciens 1815-1993, S. 185-253. Cf. S. 187.