5. Juni
Ausgesinn
<< | Juni | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | |||||
3 | 4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 |
10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 |
17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 |
24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 |
2024 |
De 5. Juni ass den 156. Dag vum Joer (157. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1288: Schluecht vu Worringen.
- 1741: Éisträicheschen Ierffollegkrich: Allianz tëscht Frankräich, Preisen a Bayern.
- 1883: Den Orient-Express gëtt a Betrib geholl.
- 1942: Schluecht vu Midway tëscht Japan an den USA.
- 1967: Ufank vum Krich vu Sechs Deeg tëscht Israel a sengen Noperen.
- 2017: Montenegro gëtt NATO-Member.
Lëtzebuerg
- 1864: Ons Heemecht gëtt zu Ettelbréck eng éischt Kéier gesongen.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1933: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt, am Kader vun der 25-Joer-Feier vun der FLF, an der Stad Lëtzebuerg 3:1 géint d'Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Joseph Walthener an de Pierre Bommertz (2) geschoss.[1]
- 1998: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Mannheim 0:7 géint Däitschland.[2]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
John Couch Adams
-
John Maynard Keynes
-
Federico García Lorca
-
Stefania Sandrelli
- 1637: Philipp Ludwig Hanneken, däitsche luthereschen Theolog.
- 1723: Adam Smith, brittesche Philosoph an Ekonomist.
- 1811: Theodor von Cederstolpe, preiseschen Offizéier an Auteur.
- 1819: John Couch Adams, englesche Mathematiker an Astronom.
- 1868: Albert Clemang, lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
- 1878: Pancho Villa, mexikanesche Revolutionär.
- 1879: René Pottier, franséische Vëlossportler a Gewënner vum Tour de France
- 1879: Jacques Dasbourg, lëtzebuergesche Moler.
- 1883: John Maynard Keynes, englesche Mathematiker an Ekonomist.
- 1893: Harry Hemley Plaskett, kanadeschen Astronom.
- 1898: Federico García Lorca, spueneschen Dichter.
- 1900: Dennis Gabor, ungaresch-brittesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 1904: Jean Fohrmann, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 1911: Pierre Reuter, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1917: Maurice Duverger, franséische Jurist a Politikwëssenschaftler.
- 1920: Joseph Wohlfart, lëtzebuergesche Politiker.
- 1921: Aloyse Raths, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Resistenzler an Auteur.
- 1924: Josy Schlang, NS-Affer, leschte lëtzebuergeschen Zäitzeie vun Auschwitz.
- 1925: Boy Gobert, däitsch-éisträichesche Theaterregisseur a Schauspiller.
- 1928: Tony Richardson, brittesche Filmregisseur a -schauspiller.
- 1930: Bohdan Paczowski, polneschen Architekt.
- 1931: Jacques Demy, franséische Filmregisseur.
- 1932: Christy Brown, iresche Schrëftsteller a Moler.
- 1936: Jorma Katrama, finnesche Kontrabassist.
- 1941: Werner Böhm, däitsche Sänger a Museker.
- 1946: Stefania Sandrelli, italieenesch Schauspillerin.
- 1951: Fernand Roda, lëtzebuergesche Moler.
- 1953: Roland Karpen, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 1963: Claude Waringo, lëtzebuergesche Filmproduzent.
- 1964: Martin Weinek, éisträichesche Schauspiller.
- 1965: Michael E. Brown, US-amerikaneschen Astronom.
- 1969: Andrea Neumann, däitsch Molerin.
- 1978: Jean-Paul Olinger, lëtzebuergeschen Ekonomist.
- 1981: Carlos Barredo, spuenesche Vëlossportler.
- 1994: Rachel Bettmer, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 1997: Marta Estévez Garcia, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
- 1997: Cédric Farinon, lëtzebuergeschen Äishockeyspiller.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1288: Heinrich VI. vu Lëtzebuerg.
- 1288: Walram I. vu Lëtzebuerg-Ligny, Här vu Ligny, vu Roussy a vu Beauvoir.
- 1568: Lamoral Grof vun Egmond, Ritter a Statthalter vu Flandern an Artois.
- 1880: Jean Wolf ("Herkul Wolf"), lëtzebuergesche Kraaftmënsch.
- 1884: Jean-Georges-François Eydt, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1891: Lambert Picard, Dokter mat lëtzebuergeschen Originnen.
- 1915: Nicolas Meris, lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.
- 1927: Henri Schintgen, lëtzebuergesche Friddensriichter.
- 1931: Solon Irving Bailey, US-amerikaneschen Astronom.
- 1935: Bernard Clasen, lëtzebuergeschen Affekot.
- 1960: François Bremer, lëtzebuergesche Gewiichthiewer an Olympionik.
- 1962: Georges Pixius, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
- 1979: Heinz Erhardt, däitsche Komiker, Museker, Entertainer, Acteur an Dichter.
- 1986: Henk Backer, hollännesche Comiczeechner.
- 1989: André Michel, franséische Filmregisseur.
- 1993: Conway Twitty, US-amerikanesche Pop-Sänger.
- 2000: Franco Rossi, italieenesche Filmregisseur.
- 2004: Iona Brown, englesch Violonistin an Dirigentin.
- 2004: Ronald Reagan, US-amerikanesche President a Schauspiller.
- 2005: Susi Nicoletti, däitsch-éisträichesch Schauspillerin.
- 2011: Léon Bollendorff, lëtzebuergesche Politiker.
- 2012: Ray Bradbury, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 2015: Tariq Aziz, irakesche Politiker.
- 2023: Astrud Gilberto, brasilianesch Sängerin.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 5. Juni – Biller, Videoen oder Audiodateien |