Jean Wolf

Vu Wikipedia
Jean Wolf
Gebuer 6. Abrëll 1830
Gestuerwen 5. Juni 1880
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Jean Wolf, gebuer de 6. Abrëll 1830 zu Bous a gestuerwen de 5. Juni 1880 zu Bouneweg, war e Lëtzebuerger Kraaftmënsch.

Dem John Grün säi Virgänger, den Herkules Wolf, genannt De Fiels vu Lëtzebuerg ass zäitweileg a Frankräich opgetrueden. An enger Liewensbeschreiwung, déi zu senge Liefzäiten erauskoum[Source?], gëtt allerhand erzielt:

  • Den 29. Juli 1854 trëtt de Wolf zu La Chapelle Saint-Denis op. Hie bréngt et fäerdeg fir 6 Eisebunnswaggone vun deene jiddweree mat 1000 Kilo belueden ass, weiderzezéien.
  • De 6. August 1854 hieft de Fiels vu Lëtzebuerg zu Paräis e Won, an deem 20 Zaldote sëtzen, mam Réck an d'Luucht, soudatt d'Rieder konnte fräi gedréit ginn. Dat Ganzt hat e Gewiicht vun 1800 Kilo.
  • De 16. Oktober 1854 leet de Premier Hercule de l'Europe sech zu Le Havre mat engem Léiw un, dee kuerz virdru sengem Meeschter e Bier zerrappt hat. De Lëtzebuerger Herkul huet em d'Genéck gebrach.

De Jean Wolf, deen 1 Meter 70 grouss war an tëscht 95 an 100 Kilo gewien huet, gouf spéider vum Keeser Napoleon III. wéinst senge Leeschtungen dekoréiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • P. Thorn: John Grün, Roi de la Force, der stärkste Mann der Welt 1868/1912, Luxemburg-Bahnhof, Buchdruckerei Fr. Bourg-Bourger, 1921