John Grün

Vu Wikipedia
John Grün
Gebuertsnumm Jean Grün
Pseudonym Herkul Grün
Gebuer 27. August 1868
Munneref
Gestuerwen 3. November 1912
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kraaftmënsch

De Jean ("John") Grün, gebuer de 27. August 1868 zu Munneref a gestuerwen den 3. November 1912 zu Ettelbréck[1], war e lëtzebuergesche Kraaftmënsch. Hie war besser bekannt ënner dem Numm Herkul Grün an huet deemools als dee stäerkste Mann vun der Welt gegollt.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Grün koum aus enger alagesiessener Munnerëffer Handwierkerfamill. Säi Papp Johann Grün war e Lakert an Dëppegéisser a seng Mamm d'Anna Schneider war Hausfra. Seng Grousseltere waren de Johann Grün (*25.07.1801 Munneref) an d'Susanna Heger (*25. Floréal am Joer 8).

Als Kand huet den Dëppegéissesch Jeng, wéi de John Grün genannt gouf, misse ganz fréi sengem Papp bei der Aarbecht hëllefen. Mat enger Ieselskar ass d'Dëppegéisserfamill uechter d'Land gefuer fir Dëppen an aner Geschier fir de Stot ze verkafen oder ze flécken. Wann den Iesel mol net méi wollt zéien, war de John un der Rei[2].

De 7. Januar 1889 ass den 21-järege Jean Grün mat sengem Kolleeg, dem Päerdshändler Klein[3], u Bord vun der "Swyzerland"[4] an Amerika ausgewandert[5]. Nodeem e sech fir d'éischt als Barkeeper zu St. Louis iwwer Waasser gehalen huet, huet en den Alexander Marx, e professionellen Athleet a Kraaftmënsch, kennegeléiert. De Marx huet dem Grün säin Talent erkannt an déi zwéin hu sech zesummegedoen a se sinn als Marx Brothers[2] oder The Two Marks[6] uechter d'Welt op Tournée gaangen: Amerika, England, Schottland, Irland, Schweden, Norwegen, Dänemark, Belsch an Däitschland.

An de Joren 1890/91 huet de John Grün d'Amerika-Meeschtere Samson an Johnson an de laangjärege Weltmeeschter Wohlland aus Schweden geschloen. Vun 1892 un huet de Grün sech als „stäerkste Mann vun der Welt“ feiere gelooss.

Bei sengen ëffentlechen Optrëtter huet hien Neel mat de Fangere gebéit, Kette gesprengt, Houfeise mat de Muskelen an zwee baschte gelooss, sech Steng op der Broscht mat engem décken Hummer futtischloe gelooss, an aner Kraaftkonschtstécker opgeféiert. Eng vu senge bekanntsten Nummeren ass um Monument, dat d'Stad Munneref opgeriicht huet, ze gesinn: Se bestoung doran, 2 Päerd mat 2 erwuessene Reider drop an d'Luucht ze hiewen.

Nodeem en eng Zäit laang mat der stäerkster Fra vun der Welt, der belscher Athleetin Miss Fanny, ënnerwee war, war de John Grün just nach eleng op Tournée an ass a Frankräich, Italien, Holland, Australien, Südafrika an England opgetrueden, wou e sech am wuelste gefillt huet.

De 16. Mee 1897 ass de John Grün virum Groussherzog Adolf um Walfer Schlass opgetrueden. Am selwechte Joer war de John Grün op der Schueberfouer déi grouss Attraktioun am "Grand-théâtre Fernando". 1898 huet hien op der Schueberfouer e Karussell mat 11 Mënschen drop wärend e puer Minutten am Gläichgewiicht gehalen[7].

Säi leschte groussen Optrëtt hat de John Grün 1909 zu Esch-Uelzecht. Kuerz duerno, wéi en an Holland e Karussell mat fofzéng Leit gehuewen hat, huet en en Hiereschlag erlidden. E konnt duerno net méi schwätzen, soudatt e seng Carrière als Kraaftmënsch huet missen opginn.

Fir sech säi Liewensënnerhalt ze verdéngen, huet de Grün zu High Wycombe, enger Stad am Buckinghamshire 50 km westlech vu London, en Hotel kaaft, deen e mat senger Fra Emily Comens bedriwwen huet.

D'Koppel hat dräi Kanner: Johnny, Emmy a Leo. Den eelste Bouf Johnny gouf vu klengem u vu sengem Papp trainéiert an ass dacks mat him opgetrueden[8].

1911 ass seng Fra gestuerwen an et ass vun Dag zu Dag mat senger Gesondheet biergof gaangen. Enn Januar 1912 ass en zeréck op Lëtzebuerg gereest an huet déi lescht Deeg vu sengem Liewen am psychiatresche Spidol zu Ettelbréck verbruecht, wou en den 3. November am Alter vu 44 Joer gestuerwen ass. Dräi Deeg méi spéit, de 6. November 1912, gouf en um Munnerëffer Kierfecht begruewen.

De John Grün ëm 1895
Eng Hantel vum John Grün

Fir un den 150. Gebuertsdag vum John Grün ze erënnere koum de 15. Mee 2018 vun der Lëtzebuerger Post en Timber vun 0,55 € eraus.[9]

Varia[änneren | Quelltext änneren]

  • Fir den 100. Anniversaire vu sengem Doud waren zu Munneref eng Partie Feierlechkeeten: de 4. November 2012 koum eng Gedenkplack op säin Heemechtshaus, de 17. November gouf en neit John-Grün-Monument bei der Gemeng presentéiert a vum 18. November bis den 31. Dezember war eng Ausstellung am Atrium vun der Gemeng[10].
  • De John Grün war 1,80 m grouss an huet a senger Glanzzäit tëscht 100 an 106 kg gewien. Säin Halsëmfank miesst 47 cm, säi Broschtëmfank 128 cm, säi Bizeps 47 cm, säin Uewerschenkel 66 cm a seng Wued 43 cm[10].
  • No him genannt zu Munneref: John-Grün-Monument, Stade John-Grün, Coupe John-Grün (Foussball), John-Grün-Plaz, John-Grün-Strooss[11].
  • Eent vum Roger Manderscheid senge Wierker heescht: Rote Nelken für Herkul Grün[12].
  • Fir d'Exphimo 1972, déi den 20. Mee 1972 zu Munneref war, hat d'Post e Spezialstempel mat dem John Grün erausbruecht; heimat gouf un deem säi 60. Doudesdag erënnert[13].
  • En Deel vum Aarbechtsgeschier vum John Grün ass an der Munnerëffer Gemeng ze bewonneren.
  • Den Harry Houdini schreift 1929 iwwer de John Grün[14]:
"John Grun Marx, a Luxemberger (sic), must have been among the strongest men in the world at the time I knew him. We worked on the same bill several times; but it was at the Olympia, in Paris, that he shone supreme as a strongman—and at the same time as a weak one. For, in spite of his sovereign strength, Marx was no match for a pair of bright eyes; all a pretty woman had to do was to smile and John would wilt. And—Paris was Paris.
Marx's strength was prodigious, and he juggled hundreds, and toyed with thousands, of pounds as a child plays with a rattle. He must have weighed in the neighborhood of three hundred pounds, and he walked like a veritable colossus. In fact, he reminded me of a two-footed baby elephant.
Always good-natured, he made a host of friends both in the profession and out of it. After years of professional work he settled down as landlord of a public house in England, where, finally, he was prostrated by a mortal illness. Wishing to die in his native city, he returned to Luxemberg (sic). He did not realize that he was bereft of his enormous strength, and those about him humored him: the doctor and the nurses would pretend that he hurt them when he grasped their hands. He died almost forgotten except by his brother artists, but they (myself among them) built a monument to this good-natured Hercules, whose only care was to entertain.
"

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Backes, Jean-Marie & Laurent Graaff, 2012. Der Champion - Zum 100. Todestag von John Grün. Revue 44: 20-27.
  • Houdini, Harry, 1929. Miracle mongers and their methods: a complete exposé of the modus operandi of fire eaters, heat resisters, poison eaters, venomous reptile defiers, sword swallowers, human ostriches, strong men, etc. 240 p. Publisher: E. P. Dutton & Co, Inc; first edition. (Cf. Original fir erofzelueden)
  • Manderscheid, Roger, 1983. Rote Nelken für Herkul Grün. Echternach: éditions phi 306. 135 p.
  • Moes, Jean-Nicolas, 1897. John Grün, genannt John Marx, der stärkste Mann der Welt! Champion of the world: Biographische Notizen. Fr. Bourg-Bourger, Luxemburg. 32 S.
  • John Grün - Der stärkste Mann der Welt, 64 Säiten, Préface vum Arthur Diderrich - Publication: Mondorf-Thermal 1846/1946 'Text von Trew - Literatur:Grün-Biographien von Jean-Nicolas Moes und P. Thorn; Zeitungsausschnitte aus aller Welt' - Imprimerie du Nord, Diekirch
  • Serres, W. 1997. Mondorf-les-Bains à travers la philatélie. In: Gerges, M. (dir.). Mondorf: son passé, son présent, son avenir. Mondorf Le Domaine thermal & Éditions des publications mosellanes, Luxembourg.
  • Thorn, Pierre, 1921. John Grün, Roi de la Force, der stärkste Mann der Welt, 1868-1912. Luxembourg. 60 S.
  • Zeimet, Frank, 1989. John Grün. Muskelkraft und Welterfolg. Luxemburger Biographien Nr. 3. Éditions de l'imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 101 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: John Grün – Biller, Videoen oder Audiodateien

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. John Grün, Luxemburger Wort, N°314&315, 1912, S. 2 op eluxemburgensia.lu
  2. 2,0 2,1 Cf. Zeimet 1989 cit. in Backes & Graaff, 2012 an der Literatur.
  3. Et gëtt gezielt, de Päerdshändler Klein gouf emol bei engem Accident ënner engem Hengscht begruewen. De John Grün war net wäit a packt den Hengscht an huet en op d'Säit gehäit, wéi wann et en einfache Gromperesak wier. Domat hat de Grün dem Klein d'Liewe gerett an et war den Ufank vun hirer Frëndschaft. Quell: http://weblog.33b.mobi/weblog.110701_10.html
  4. Et handelt sech héchstwarscheinlech ëm d'SS Switzerland vun der Red Star-American Line, déi 1874 gebaut gouf a bis 1905 fir transatlantesch Iwwerfaarten tëscht Antwerpen an New York oder Philadelphia agesat gouf. Cf. http://www.redstarline.eu/switserland.html.
  5. Cf. http://weblog.33b.mobi/weblog.110701_10.html
  6. Jungblut, Tony. (1939). Geschichten von sieben Friedhöfen. A-Z, - Luxembourg Jg. 7 (1939), Nr. 6, S. 5
  7. Cf. http://lompazius.blogspot.com/2012/01/schueberfouer-funfair-tradition-since.html
  8. Nom Doud vu sengem Papp huet de Johnny Grün seng Carrière als Athleet opginn an ass op d'Schmelz schaffe gaangen.
  9. Neuheiten in der Maximaphilie aus Luxemburg am Luxemburger Wort vum 2. Juli 2018, S. 51
  10. 10,0 10,1 Cf. Backes & Graaff 2012: 23 an der Literatur.
  11. D'John-Grün-Strooss ass déi fréier Ënneschtgaass, an där dem Grün säi Gebuertshaus op Nummer 28 steet.
  12. Cf. Manderscheid 1983 an der Literatur.
  13. Cf. Serres 1997: 556 an der Literatur.
  14. Houdini, Harry - Miracle Mongers and Their Methods, Kapitel 12. (Public domain copy on Project Gutenberg)