Post Luxembourg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) P&T Luxembourg)
POST Luxembourg
Typ Ëffentlecht Etablissement[1]
Grënnungsdatum 1842: Grënnung Post
1992: Grënnung vum Etablissement Public P&T
Sëtz 20 rue de Reims
L-2417 Lëtzebuerg[2]
Lëtzebuerg
Leedung Claude Strasser (Generaldirekter)
Serge Allegrezza (President vum Verwaltungsrot)
Mataarbechter 4.480 (2017)[3]
Ëmsaz 769,7 Milliounen Euro (2017)[4]
Branche Postdéngtschter
Finanzdéngschter
Telekommunikatiounsdéngschter
Homepage www.post.lu
www.postgroup.lu

POST Luxembourg ass de kommerziellen Numm vun der Lëtzebuerger Post[5], déi offiziell Entreprise des postes et télécommunications[1] heescht. Bis Juni 2013 war se ënnert P&T Luxembourg bekannt.

D'Lëtzebuerger Post gouf 1842 als Administratioun gegrënnt[6] an ass zanter 1992 en Ëffentlecht Etablissement, vun deem de Lëtzebuerger Staat deen eenzegen Aktionär ass.

D'Post këmmert sech ëm Postdéngschter, ëm Postscheck-Déngschter an ëm Telekommunikatioun. Donieft ass d'Post den exklusiven Editeur vu Käppercher.

Zënter 2016 ass d'Post de gréisste Patron am Land[7]; op den 1. Januar 2018 hu 4.480 Mataarbechter bei der Grupp POST[8] geschafft.

2011 huet d'Post en Ëmsaz vun am Ganze 524,30 Milliounen Euro realiséiert[9]. Dräi Joer méi spéit waren et 691,5 Milliounen Euro an 2017 waren et 769,7 Milliounen Euro[4].

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Iwwerbléck iwwer d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Post[10]:

  • 1842: d'Post gëtt gegrënnt;
  • 1852: d'Post gëtt déi éischt Käppercher eraus;
  • 1855: den éischten elektreschen Telegraf gëtt zu Lëtzebuerg installéiert;
  • 1874: Lëtzebuerg gëtt Grënnungsmember vum Weltpostveräin;
  • 1880: déi éischt ëffentlech Telefone ginn an de Postbüroen installéiert;
  • 1884: d'Gesetz iwwer d'Telegraphen- an Telefonsdéngschter trëtt a Kraaft[11];
  • 1898: éischt Telefonsverbindunge mam Ausland (Belsch);
  • 1908: Grënnung vun der Association des fonctionnaires moyens de la Poste;
  • 1909: Grënnung vun der Association des facteurs;
  • 1911: Grënnung vun de Postscheck-Déngschter;
  • 1922: den Telefonsreseau vun der Stad Lëtzebuerg kritt eng automatesch Vermëttlung;
  • 1928: éischten Envoi mat der Loftpost;
  • 1929: d'Gesetz iwwer d'radioelektresch Statiounen trëtt a Kraaft[12];
  • 1972: Ufank vun der Ära vun der Satellittekommunikatioun; de Postzenter op der Stater Gare geet op;
  • 1974: Start vum Spriechfunkdéngscht;
  • 1977: déi éischt digital Iwwerdroungen a Vermëttlunge gi gemaach;
  • 1982: d'Postcodë ginn ageféiert; den éischte Postomat geet a Betrib;
  • 1983: den éischte Koaxialkabel tëscht Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht gëtt a Betrib geholl;
  • 1984: éischt terrestresch Satellittestatioun zu Lëtzebuerg;
  • 1988: éischt Verbindung iwwer Glasfaser-Kabel tëscht Lëtzebuerg an Däitschland; d'Postgewerkschaft gëtt gegrënnt; déi éischt Zeitungen an Zäitschrëfte gi vun der Post zougestallt (messagerie postale);
  • 1989: d'VISA-Kaart gëtt fir Postscheck-Clienten ageféiert;
  • 1991: déi éischt Telefonskabinne mat Telefonskaarte ginn installéiert;
  • 1992: Grënnung vun der Entreprise des postes et télécommunications;
  • 1993: d'Mobilfunknetz LUXGSM geet a Betrib; Start vum Business Post-Déngscht;
  • 1994: déi éischt ISDN-Uschlëss gi realiséiert;
  • 1995: éischten Internet-Zougank an éischt Internetservicer mam Cube;
  • 1996: éischt Editioun vum Postlaf;
  • 1997: d'Gesetz iwwer d'Telekommunikatioun trëtt a Kraaft[13]; de Produit I-Mail gëtt ageféiert;
  • 1998: d'Virbezuelten TIPTOP-Kaart fir de Mobilfunk an d'Postenveloppe kommen op de Maart;
  • 1999: déi éischt Telefonskabinne mat miniCASH ginn installéiert;
  • 2000: Start vum Internet-Banking-Service CCP Connect; Gesetz iwwer d'Post- a Finanzpostservicer[14]; den éischten Timber dee vum selwe pecht kënnt eraus; Allianz mam Grupp TPG/TNT;
  • 2001: Aféierung vum Internetzougank LuxDSL a vum GPRS-Déngscht vu LUXGSM; éischt Timberen mat der Wäertangab just an Euro;
  • 2003: UMTS gëtt ageféiert an éischt Telefonat iwwer dëst Netz;
  • 2005: de Produit INTEGRAL gëtt ageféiert; Aféierung vum BlackBerry-Déngscht - éischten Internet-Zougangspunkt ouni Kabel (WiFi); de Postverdeelerzenter zu Réimech gëtt ageweit;
  • 2006: d'Post fusionéiert mat LUXGSM; Aféierung vum meng.post.lu-Service fir Kaarten an Timberen individuell ze gestalten; Aweiung vum nationalen Zortéierzenter um Krakelshaff bei Beetebuerg; Aféierung vum internationalen Breetbandreseau TERALINK a vum neien E-Mail-Service vun der Post;
  • 2007: Ouverture vum Datenzenter um Wandhaff; Aféierung vum Pack Up-Service fir Päck ofzehuelen;
  • 2008: Start vun der digitaler Tëlee IPTV ënnert dem Numm Tëlee vun der Post; Méiglechkeet fir sech mat engem LuxTrust-Zertifikat um Online-Banking-Déngscht unzemellen; Start vun der Funktioun Video on Demand am Kader vun der Tëlee vun der Post;
  • 2009: d'Post gëtt déi éischt virbezuelte VISA-Kreditkaart eraus; Start vun LU-CIX, dem neie kommerziellen Internet-Knuet vu Lëtzebuerg, mat der Bedeelegung vu P&T; P&T ënnerschreift e Partnerschaftsvertrag mat engem grousse franséische Automobilconstructeur fir d'Entwécklung vum Telematik-Déngscht e-Call fir Autoen an Europa;
Den Hôtel des Postes, bis 2017 Sëtz vun der Post.
  • 2010: déi éischt Dateverbindung tëscht Lëtzebuerg a Frankfurt iwwer den internationalen Héichleeschtungsreseau TERALINK geet a Betrib; Ouverture vum Datenzenter zu Keel; europäesch Première mat der Vente vun Timberen aus dem Postomat; den éischten Tëleesprogramm an 3D gëtt op der Tëlee vun der Post ugebueden;
  • 2011: Start vum Héichleeschtungs-Internet LuxFibre; Offiziell Virstellung vun der Duechtergesellschaft P&T Capital, der Investmentfirma vu P&T; P&T an d'Luxembourg e-Archiving S. A. kënnegen eng strateegesch Partnerschaft am Beräich vum Archivéiere vun elektroneschen Dateien un; Leideleng ass déi éischt Lëtzebuerger Gemeng déi komplett un de Glasfaserreseau LuxFibre ugeschloss ass; als Complement zum PackUp gi PackUp-Automaten installéiert;
  • 2012: Aféierung vum Clic2Mail-Service; Ouverture vum Datenzenter zu Betzder; de Reseau vun de PackUp-Automate geet vu 5 op 12 erop;
  • 2013: Aféierung vun der neier visueller Identitéit an dem Numm POST Luxembourg; déi éischt SelfPost-Automate ginn ageféiert, mat deenen ee seng Enveloppen a Päck selwer frankéiere kann; de Reseau vun de PackUp-Automate geet vun 12 op 22 erop; POST Finance féiert d'App Digicash an; 10.000 Wunnhaiser ginn un de Glasfaserreseau ugeschloss; Aféierung vu 4G-Offren;
  • 2014: Aféierung vun der App CCP Mobile; 43 % vun de Stéit hunn e Glasfaseruschloss an iwwer 90 % vun der Populatioun huet Accès op de 4G-Reseau; 2 Business Corners fir kleng a Mëttelbetriber ginn zu Ettelbréck an op der Cloche d'or op;
  • 2015: nei Tarifstruktur fir den Envoi vu Bréiwer a Päck an Aféierung vun neie postalesche Servicer; de Roaming ass an allen Flatrates abegraff; Partenariat mat CSide fir Post SmartHome ubidden ze kënnen; Virstellung vum Schmuelband-Reseau mat grousser Reechwäit SIGFOX, deen d'M2M an d'Internet of Things-Kommunikatioun méiglech mécht; de POST Verwaltungsrot gëtt säin Accord fir Partnerschaft mat der Banque Raiffeisen; Partenariat mam Grupp Cactus; de RENITA-Reseau geet an de produktive Betrib; nei PostPack Verpackunge gi virgestallt; 94% vun der Bevëlkerung hunn Accès zum 4G-Netz vun der POST an 50,2% vun de Stéit hunn Zougang zum Glasfasernetz vun der POST;
  • 2016: Partenariat mat der Banque Raiffeisen am Finanzdeel a Lancement vun der kombinéierter Offer Tëlee, Internet an Telefon erënnert dem Numm Bamboo; déi éischt VISA-Kaarten ouni Kontakt ginn ageféiert; de juristeschen Numm Entreprise des postes et télécommunications gëtt fir all Aktivitéiten duerch POST Luxembourg ersat; de PackUp Home-Déngscht gëtt ageféiert; den 3D Secure-Sécherheetssystem fir méi Sécherheet bei Online-Akeef mat der VISA-Kaart gëtt ageféiert; POST Luxembourg ënnerschreift eng Partnerschaft mat Signapore Post;
  • 2017: De Siège social vun der Post gëtt aus der Avenue Monterey an der Stad op d'Gare an d'Rue de Reims verluecht.
  • 2019: De 7. Oktober gëtt am Garer Quartier de Grondstee fir dat neit Postgebai geluecht, dat bis 2022 fäerdeg soll sinn[15].

Organisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Direktioun[änneren | Quelltext änneren]

Un der Spëtz vu POST Luxembourg steet de Verwaltungsrot an den Exekutivkommitee ënner der Autoritéit vum Generaldirekter. De Verwaltungsrot definéiert d'grondleeënd Ausriichtung an d'Strategie vun der Grupp POST Luxembourg. Ausserdeem kontrolléiert hien d'Management vum Generaldirekter a sengem Exekutivkommitee. Dëse Comité ass fir d'alldeeglech Geschäftsféierung zoustänneg a gëtt vun enger Partie Niewekommiteeën ënnerstëtzt (Auditkommitee, Kommitee fir de Risikomanagement, Vergütungs - a Ernennungskommitee).

Do dernieft gëtt et nach operativ Kommiteeën mat allkéiers engem verantwortlechen Direkter, déi fir déi lafend Geschäftsféierung vun den eenzele Geschäftsberäicher responsabel sinn. Dat ass de Fall fir POST Telecom, POST Courrier, POST Technologies an an Zukunft och fir POST Finance.

De Verwaltungsrot besteet aus 16 Memberen: aacht ginn der vum Staat genannt, sechs sinn der aus der Personalvertriedung an zwéin sinn onofhängeg Vertrieder.

Generaldirekter vu POST Luxembourg ass de Claude Strasser, de President vum Verwaltungsrot ass, als Vertrieder vum Staat, de Serge Allegrezza.

Geschäftsberäicher[änneren | Quelltext änneren]

POST Luxembourg ass an dräi Entitéite agedeelt[16]:

POST Finance[änneren | Quelltext änneren]

D'Finanzdéngschter bidde Girokonten, Virementen a Bankkaarten un. Mat CCP Connect an CCP Mobile kënnen d'Clienten iwwer en Internet-Banking-Service op hir Konten zougräifen. Zënter 2016 hunn d'Postscheck-Clienten duerch e Partenariat mat der Banque Raiffeisen Zougrëff op zousätzlech Finanzdéngschtleeschtungen.

POST Technologies[änneren | Quelltext änneren]

Ënnert d'Telekommunikatiounsdéngschter falen d'Telefonsfestnetz, d'Mobilfunknetz an d'Tëlee iwwer Internet grad ewéi speziell ugepassten Déngschter fir Entreprisen. Zesumme mat der Duechtergesellschaft POST Telecom gi sécher Verbindungen a Breetbandverbindunge fir eng Privat- a Geschäftsclientèle ugebueden.

POST Courrier[änneren | Quelltext änneren]

D'Postdéngschter transportéiere d'Bréifpost, d'Päck an d'Expresssendungen, zesumme mat der Filial Michel Greco. Se verwalten en ëmfaassend Netz vu Verkafsplazen (Enn 2017 ënner anerem 63 Postbüroen an 33 Points POST an de Partnergeschäfter) an droen d'Lëtzebuerger Dageszeitungen aus. Den Office des Timbres gëtt all Joer ongeféier drësseg nei Timbere an Usiichtskaarten eraus.

Participatiounen[änneren | Quelltext änneren]

POST Luxembourg huet eng sëllege Bedeelegungen, dorënner[4]:

  • P&T Immobilière S. à r.l. (100%)
  • P&T Ré S.A. (100%)
  • POST Telecom S.A. (100%)
  • e-Business & Resilience Centre S.A. (100%)
  • POST Capital S.A. (100%)
  • POST Telecom PSF (100%)
  • Bâtiment Mercier S. à r.l. (100%)
  • Editus Luxembourg S.A. (100%)
  • Intech S.A. (100%)
  • Victor Buck Services S.A. (100%)
  • Join Experience S.A. (100%)
  • Join Infrastructure S.A. (100%)
  • Join Experience Belgique S.A. (100%)
  • i-Hub S.A. (100%)
  • Michel Greco S.A. (90%)
  • K2-Consult S.A. (60%)
  • Ainos S.A. (60%)
  • Elgon S.A. (60%)
  • Infomail S.A. (55%)
  • Visual Online S.A. (51%)
  • TNT Express Luxembourg S.A. (50%)
  • Global Sky Park GmbH (50%)
  • Hotcity S.A. (49%)
  • Eltrona Interdiffusion S.A. (34%)
  • Synedge Luxembourg S.A. (28%)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paul Margue, Claude Frieseisen, Marie-Paule Jungblut, Marcel Wietor & Albert Wolter, Les Postes et Télécommunications au Luxembourg; Lëtzebuerg (Post), 1992.
  • Christian Authier, Poste restante; Paräis (Flammarion), 2023; 184 Säiten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Post Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Loi du 10 août 1992 portant création de l'entreprise des postes et télécommunications op Legilux - den Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt den 19. August 2018
  2. zanter dem 1. Juni 2017; Ännerung am Haldelsregëster agedroen
  3. Liste des principaux employeurs au Luxembourg classés par taille, édition juin 2018 vun der STATEC, fir d'lescht gekuckt den 19. August 2018
  4. 4,0 4,1 4,2 Groupe Post Luxembourg - Rapport intégré 2017 op postgroup.lu, fir d'lescht gekuckt den 19. August 2018
  5. Loi du 15 mars 2016 portant modification de la loi modifiée du 10 août 1992 portant création de l'entreprise des postes et télécommunications
  6. Arrêté royal grand-ducal du 20 août 1842, N° 1520a, concernant l'organisation de l'Administration des Postes dans le Grand-Duché
  7. lessentiel.lu: Post überholt ArcelorMittal als größter Arbeitgeber (5. Juli 2016)
  8. Grupp POST: Entreprise des Postes et Télécommunications, Post Telecom SA, Michel Greco SA, Victor Buck Services SA, EBRC SA, Editus Luxembourg SA, Intech SA, Join Experience SA, Elgon SA, Visual Online SA, Join Infrastructure SA, Ainos SA, I-Hub SA
  9. "About us" op pt.lu; Gekuckt 2013-06-17.
  10. Die Geschichte von POST Luxemburg op postgroup.lu, gekuckt den 19. August 2018
  11. Loi du 20 février 1884 sur le service télégraphique et téléphonique op Legilux, gekuckt den 19. August 2018
  12. Loi du 19 décembre 1929 concernant les stations radioélectriques établies ou à établir dans le Grand-Duché
  13. Loi du 21 mars 1997 sur les télécommunications
  14. Loi du 15 décembre 2000 sur les services postaux et les services financiers postaux
  15. Um Méindeg gouf de Grondsteen op der Gare geluecht. rtl.lu (07/10/2019). Gekuckt de(n) 07/10/2019.
  16. déi fréier Divisiounen: Division des postes, Division des services financiers postaux an Division des télécommunications