LUXGSM

Vu Wikipedia

LUXGSM ass e Mobilfunknetz (GSM 900/1800, UMTS 2000 an LTE 800/1800/2600) zu Lëtzebuerg, dat op d'Post Luxembourg lizenzéiert ass a vun hir bedriwwe gëtt. Nodeem et 2013 ëmbenannt gouf, heescht dëst Mobilfunknetz elo einfach "POST".

D'Konnebetreiung an de Marketing gëtt iwwer d'POST Telecom S.A. (bis 2013 LuxGSM S.A.), eng Aktiegesellschaft mat Sëtz zu Lëtzebuerg, ofgewéckelt. Gegrënnt gouf d'LuxGSM S.A. vun der lëtzebuergescher P&T an där hiren Duechtergesellschaften CMD a Mobilux, déi virdrun allen zwou Déngschtleeschter vun der P&T hirem GSM-Netz waren. Mëttlerweil ass d'Post Luxembourg awer eenzegen Aktionär vun der POST Telecom S.A..

No eegenen Donnéeën huet d'Entreprise ongeféier 200.000 Mobilfunkkonnen a beschäftegt eng 150 Mataarbechter.

Produkter an Déngschter[änneren | Quelltext änneren]

Wéi déi meescht Netzbedreiwer bitt LUXGSM/POST souwuel Mobilfunkkontrakter mat festen Abonnementspräisser pro Mount (zum Beispill d'Tarifer Liberty, YOUZ oder BUSINESS) mä och d'PrePaid-Kaart "TipTop" un.

Si bitt awer och eng Handy-Flatrate mam Numm "SCOUBIDO" un, déi ee no sengen eegene Bedierfnesser ganz individuell zesummestelle kann. Dobäi kann een d'Unzuel vun Unitéiten (Telefon/min an SMSe) pro Mount festleeën, säin Internet Datevolume bestëmmen an eng Garantie wielen.

D'Benotze vum Internet/WAP ass och iwwer den Datentransmissiounsstandard GPRS méiglech.

Zanter November 2013 bedreift LUXGSM/POST och en LTE-Netz mam selwechten Numm, dat stänneg weider ausgebaut gëtt (LTE-Advanced) an ewell 96% (Stand Januar 2016) vun der Lëtzebuerger Populatioun ofdeckt. Lëtzebuerg (Stad) an Esch-Uelzecht waren déi éischt Stied wou LTE disponibel war, mëttlerweil huet ee bal iwwerall LTE-Empfang. An de Géigende wou keen LTE zur Verfügung steet, bitt LUXGSM/POST UMTS an EDGE un.

LUXGSM/POST huet mat alle grousse GSM-Bedreiwer Roamingkontrakter ofgeschloss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]