Keel

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Keel. Fir d'Keel am Spill, kuckt wgl. Keelespill.
Keel
Käl
Kayl 2.jpg
Aussprooch

An anere Sproochen fr: Kayl
de: Kayl
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Coat of arms kayl luxbrg.png Keel
Buergermeeschter John Lorent (LSAP)
Awunner 4.953 (2016)
Koordinaten 49° 29’ 11’’ N
      6° 2’ 21’’ O
Keeler Kierch
Déi renaturéiert Keeler Baach am ale Laf beim Vitalhome
Sigel vum Simon von Kayl 1297
Plaz vun der Waasserbuerg
Gemeng Keel um Widdem

Keel (lokal: Käl[1]) ass eng Uertschaft zu Lëtzebuerg am Kanton Esch an Haaptuert vun der Gemeng Keel.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Keel läit am Süde vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an engem Dall, dem Keeldall, dat sech no Norde breet mécht an an den Uelzechtdall iwwergeet. De Keeldall ass flankéiert op zwou Säite mat Koppen a klenge « Bierger ».

Op der ëstlecher Säit vu Süden no Norde gekuckt fanne mer hei de Perchesbierg, den Hesselsbierg, den Hérenterbierg, d'Haard, den Duelebierg, de Kalebierg, de Gaalgebierg an als leschten an der Rei de Gehaansbierg. Op der westlecher Säit steet de Millebierg, den Tewesbierg, de Bromeschbierg, nach e Gaalgebierg bei Aedelen, de Brucherbierg an d'Weimeschkëppchen. Do stoung uewen op der Kopp, op 390 m, eng keltesch Siidlung mat Ofwierhiwwelen.

Op an an deene Koppen ass Eisenäerz ausgegruewe ginn, vu Kelten, Réimer bis an d'lescht Joerhonnert an hunn dem Land säi Räichtum bruecht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wou kënnt den Numm «Kayl» hier?[änneren | Quelltext änneren]

Am Allgemengen ass et schwiereg den Urspronk an d'Bedeitung vun engem Uertsnumm nozeweisen. Fir „Kayl“ (Käl) si sech awer d'Historiker eens, datt et keltesch, wann net souguer virkeltesch Originnen huet. Als Grond gëtt d'Eesilbegkeet vum Numm ugefouert (Ell, Ahn, Kayl asw.).

Wann en den Uertsnumm deite wëll, dann ass et onméiglech fir op déi eelst Formen zréckzegräifen, souwéi se duerch Dokumenter an an anere schrëftlechen Iwwerliwwerungen erhale sinn. Vun 1235 bis zum Ufank vum 18. Joerhonnert gëtt e ronn 200-mol ernimmt.

Keel gëtt fir d'éischt am Joer 1235 ernimmt, an deem Joer wou den Alexander vun Zolver dem Déifferdenger Fraestëft seng Gidder zu „Keyle“, déi hien dem Doumhär vu St. Paulin (Tréier) ofkaaft hat, vermécht. Den Numm Käl verschwënnt net méi an der Geschicht a verschaaft sech munchmol e gudde Klang. Hien ass zanter dem 13. Joerhonnert net wesentlech verännert ginn, obwuel iwwer 20 verschidde Versioune bekannt sinn: Keyle (1235), Keile (1247), Quelle (1278), Keil (1287), Kele (1293), Keele (1294), Kaill (1297), Kayle (1318), Kaelles (1323), Keyla (1331), Keille (1362), Kelle (1364), Keylle (1427), Kyle (1446), Keyl (1451), Kaylle (1485), Keylen (1505), Keil (1515), Keyll (1589), Kayll (1632), Kail (1739), Kayl (1737), Kehl (1737), Keehl (1759), 1485 erschéngt fir d'éischt den „a“ am „Eilaut“, da fält mat der Zäit den „e“ um Enn ewech an daucht nëmmen nach sporadesch op. Meeschtens ass en „Ei“-laut am Numm enthalen an net en „E“-laut. Ganz rar fënnt een: Quelle, Kele, Keele, Kelle, Kehl a Keehl oder d'Form Kyle. Dës Feststellung huet verschidden Nummfuerscher op eng falsch Bunn gefouert.

D'Uertschaft „Kayl“ ass net déi eenzeg mat sou engem Numm. Et gëtt e Kail (Cheledin 1121, Kayl 1638) bei Pommern op der Musel, een Ober- an Niederkail bei Manderscheid an der Äifel an e Kailbach um Chiemsee. Zwéi weider Kailbach an Hessen, Keilhof an Ostpreußen, Keilbusch bei Meißen, Nongkäl am Loutrengen, Hermeskeil am Honsréck asw. Déi grouss Zuel vu selwechten oder bal selwechten Nimm: Kehl, Kehlen, Kelheim, Kelberg, Kellberg, Celle, Kehlbach, Kell, Kehlerwald, Kehlismoos, Kailen, Kailing, Kaylen, Kal, Kalbach, Kalborn, Calloo, Kill (Kyele 1499), Kyll, souwéi Gail, Geil, Gehl, Geilhausen, Gailborn asw. sinn iwwer ganz Europa verbreet a léisst de Verdacht opkommen, datt een allgemengt Grondwuert an deemno eent an dat selwecht Vollek als Urspronk fir déi Nimm a Fro kéim.

Zugrond läit ee virkeltescht d. h. indogermanescht Wuert, wat „entspréngt“, „ervirquellen“ bedeit an an engem Sënn gläichbedeitend mat „fléissendem Waasser“ ass. Et gouf spéider nom Splécke vun der indogermanescher Sprooch, dat keltescht „gel“, dat germanescht kel, kal, keil, kil, dat nordescht „keleda“. Et mierkt een, datt déi Uertschafte mat sou engem Grondwuert bei engem Waasserlaf oder direkt bei enger Quell leien.

De Familljennumm Kayl ass iwweregens och wäit verbreet. Et fënnt een en an allen Nopeschlänner.

Vu Grofen a Ritter[änneren | Quelltext änneren]

Keel war bis zu der Neizäit Häerschaftsgebitt.

Am 13. Joerhonnert fanne mer zwou Häerschaften, déi zu Keel zoustänneg waren: d'Buerghäre vu Keel an déi vum Zolwerknapp. D'Keeler Awunner ware Leifeegener, d. h. si ware mat Haus an Haff, Fra a Kand un den Här gebonnen.

Am 13. Joerhonnert war zu Keel een Herrschergeschlecht, dat net vill mat den Duerfbewunner ze dinn hat. Nëmme wéineg Vasalen hunn him gedéngt. Hiert Schlass war eng Waasserbuerg mat engem déiwe Gruef. D'Buerg stoung do, wou haut de Gäertnereibetrib zu Keel ass. D'Häregeschlecht ass géint 1400 ausgestuerwen, gouf awer nach vun aneren Herrschaften iwwerholl. D'Schlass ass nom 16. Jh. verfall.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Waasserbuerg Keel

Déi bekannt Ënnerlagen iwwer déi Keeler Häre stelle si am schéinste Liicht duer. Si heesche Ritter, gi Seneschall, d. h. Gouverneur vun der Grofschaft Lëtzebuerg, Riichter vum Adel, gi betraut mat Vertrauensmissiounen, verkéieren um Keeserhaff a si Bierg fir de Grof vu Lëtzebuerg, Arbitter a munche Streidereien, Zeie bei villen Akten asw.

Wéi den Heinrich VI. 1282 an den Heinrich VII. 1290 de Fräiheetsbréif vun der Stad Lëtzebuerg beschwuer hunn, waren d'Häre vu Keel dobäi an hunn den Zeieneed ofgeluecht "auf die hl. Reliquien und den Sakramentsaltar". Wouhier déi Famill staamt war den Historiker net direkt kloer: De Paul Medinger huet gemengt si kéime vu Beetebuerg, well en duecht, déi zwéi Wope géife sech gläichen. Den René Klein huet dat widderluecht a gesäit den Urspronk am Haus Zolwer.

Den Egide von Keille gëtt bei engem Schenkungsakt vum 22. Mäerz 1272 als Zeien ernimmt. De Simon I. von Kayl ass dee beschtbekannten. Hie gouf am Joer 1287 Gouverneur vu Lëtzebuerg. Säin Numm figuréiert a villen Dokumenter. Fir d'lescht gëtt hien 1298 genannt.

De Simon II. von Kayl huet mam Karel I. e Feldzuch an Italie gemaach, wou hien den 31. Mäerz 1331 un enger Vergëftung gestuerwen ass.

De Simon III. von Kayl a seng Fra Marguerite hunn dem Balduin, Äerzbëschof vun Tréier, hir Lehnsgidder iwwerdroen.

Den Thielmann von Kayl war de leschte vun de Ritter vu Keel. No him ass d'Buerg wuel just nach verwalt ginn an am 16. Joerhonnert zesummegefall. Hir Steng waren eng bëlleg Wuer fir d'Keeler Leit beim Bau vun hiren Haiser. Un d'Buerg erënnert haut nëmmen nach Bezeechnung vun der Plaz "an der Buerg"[2].

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Haus Keel

Keel an der Neizäit[änneren | Quelltext änneren]

1673 huet de Jean d'Arnoult, Här zu Schengen, d'Herrschaft Zolwer (zu där den Haff Keel mat den Dierfer Téiteng a Rëmeleng gehéiert huet) an d'Hallschent vun Déifferdeng kaaft. No sengem Doud huet seng Wittfra nach d'Herrschaft Meesebuerg derbäikaaft (zu där den Haff Leideleng mat den Dierfer Märel, Fenneng, Hunchereng, Näerzeng, Wickreng, Biergem an engem Deel vun Hesper gehéiert huet). Dee Besëtz ass tëscht hiren zwee Jongen opgedeelt ginn, dee jéngste war de spéidere President vum Provinzialrot Christophe d'Arnoult an dee krut net nëmmen d'Herrschaft Meesebuerg mee och den Haff Keel gouf fir heen aus der Herrschaft vun Zolwer ausgeklamert. Fir d'Verwaltung vu sengem Besëtz ze vereinfachen huet e beim Karel VI., dem neien Herzog vu Lëtzbuerg aus dem Haus Habsburg, ugefrot fir den Haff Keel mam Haff Leideleng (deen aus der Herrschaft Meesebuerg erausgeléist gouf) an enger Héichgeriichtsbarkeet ze vereenegen, an dat ass em och 1719 accordéiert ginn. Déi nei Herrschaft krut den Numm Rëmeleng fir datt se net mat der Herrschaft Kail an der lëtzebuergescher Äifel ze verwiessele war, hiren Haaptsëtz ass awer zu Keel bliwwen. 1726 gouf als baussent Zeeche vun der neier Héichgeriichtsbarkeet e Gaalge westlech vun der Keeler Klaus erriichte gelooss, op där Plaz déi och nach haut Gaalgebierg heescht (net ze verwiessele mam Gaalgebierg südlech vum Gehaansbierg, deen zu Diddeleng gehéiert). De Christophe d'Arnoult hat eng eenzeg Duechter, déi en éischt Bestietnes mam Grof de Custine vu Woltz hat, an den eelste Jong dorauser huet d'Herrschafte Woltz, Meesebuerg a Rëmeleng geierft.[3]

Dëse leschten Här vu Keel-Rëmeleng huet sech missen op Bamberg ofsetze wéi 1794 dat revolutionärt Frankräich d'Herzogtum Lëtzebuerg besat huet an et d'Joer drop gréisstendeels zum Departement Forêts gemaach huet. Doduerch hunn och all d'Gaalgen an aner Zeeche vun de Feudalgeriichter missen ofgedroe ginn.[4]

1815 war er dunn eriwwer mam napoleonesche Premier Empire a Keel koum mat derbäi an dat nei geschafe Groussherzogtum Lëtzebuerg. Dat huet awer net vill um Liewe vun den einfache Leit geännert, Keel war laang Zäit e klengt Bauerenduerf, wéinst senger Lag matzen an enger no Norden ëmmer méi wäit oppener Wisen- an Akerfläch och Sëtz vun der Gemeng mat dem selwechten Numm, zu där ausser Keel selwer och nach Téiteng, Rëmeleng an Uewertéiteng gehéiert hunn. Biergop ass et eréischt mat der Entdeckung vun der Minett gaangen. Aus allen Deeler vum Land, besonnesch aus dem Éislek, mä och aus Däitschland, Polen an Italien, sinn Aarbechter an de Süde komm fir bei der Exploitatioun vum neie Räichtum vum Land ze hëllefen. Rëmeleng huet Keel 1868 a Punkto Awunnerzuel iwwerholl. Duerch e Gesetz vum 27. Juni 1891 ass aus de Sektioune Rëmeleng an Uewertéiteng d'Gemeng Rëmeleng gegrënnt ginn.

Bevëlkerungsentwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Déi follgend Awunnerzuele bezéie sech just op d'Uertschaft Keel, ouni Téiteng.

Joer       Awunner
1816 455
1830 570
1841 696
1848 716
1864 826
1887 1.524
1900 2.374
1910 2.398
1931 3.313
Joer       Awunner
1935 2.984
1938 3.040
1947 3.189
1961 3.675
1981 3.809
1983 3.886
1986 3.864
1988 3.898
1990 3.915
Joer       Awunner
1992 3.997
1994 4.063
1996 4.315
1998 4.393
2000 4.403
2002 4.545
2003 4.532
2006 4.610
2011 4.795
Joer       Awunner
2016 4.953

Keeler Sportler[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Chanoine Jos Dupong: Kayl in der Geschichte, Sankt-Paulus-Dréckerei Lëtzebuerg, Éischt Oplo: 1963, Zweet Oplo:1997
  • Jules Kauffmann: Kayl früher und heute, Dréckerei: éditpress Lëtzebuerg, Oplo 1988
  • Jules Kauffmann: Das Denkmal am "Sperrewee", Dréckerei: éditpress Lëtzebuerg, Oplo 1990
  • Jules Kauffmann: Mit der Bannmühle durch die Jahrhunderte, Dréckerei polyprint s.a., Oplo 1993
  • Les Cyclistes Kayl: Centenaire du Velo-Club "L.C.Kayl", Dréckerei polyprint s.a., Oplo 1996
  • Jules Kauffmann: Kayl um Giinzebechel, Dréckerei polyprint s.a., Oplo 2000
  • Marcel Bouschet / Gilbert Maurer: 70 Joer Käler Basket, Dréckerei St Paul Lëtzebuerg, Oplo 2002
  • Commune de Kayl: Natur, Kultur und Geschichte in der Gemeinde Kayl, Imprimerie Heintz, Pétange,Sept. 2011

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Keel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Fotoalbum vun der Uertschaft Keel[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  2. Weider Detailer iwwer de Mëttelalter fënnt een an der zweeter Oplo vum Buch "Kayl in der Geschichte" vum Chamoine Jos Dupong † (Paschtouer vu Keel)
  3. Nic. Charpantier, Al-Remeleng, S. 33-70 in Rumelange "Roches Rouges", Imprimerie Bourg-Bourger, 1957
  4. Fernand Lorang, Kayltaler Memorabilien, 1985, S. 31-33