Gasometer

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Gasometer zu Hollerech (2016 ofgerappt).
Déi fréier Gasometeren zu Wien-Simmering

E Gasometer ass e groussen Tank-Reservoir fir Gas zäitweileg ze stockéieren.

Se sinn zylinderfërmeg, an deen ieweschten Deel ass eng Zort Klack, déi sech, jee no der Mass vu Gas, déi dran ass, no uewen oder no ënne beweege kann.

En ettlech Gasometeren, déi net méi gebraucht ginn, goufen ëmgebaut, sou wéi z. B. dee vu Wien-Simmering, an deem ewell Wunnege sinn, oder dee vun Oberhausen.

D'Erfindung vum Gasometer gëtt dem Fransous Antoine Laurent de Lavoisier zougerechent.

Gasometer Hollerech[änneren | Quelltext änneren]

Zu Hollerech stoung zanter 1967 op engem Terrain tëscht der rue de Bouillon an der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Klengbetten e Gasometer mat enger Héicht vu 40 m an enger Capacitéit vu 60.200 m³ Gas. Zanter 2012, nodeems d'Firma Creos de Stater Stroum- a Gasreseau iwwerholl hat, war de Gasometer net méi a Betrib, a gouf 2015-16 ofgerappt.[1],[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gasometeren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gasometer in Hollerich hat ausgedient op wort.lu, 15. Mäerz 2012 10:38
  2. Gasometer macht Platz für neues Viertel op wort.lu 18. Mäerz 2015 10:16