Léiffrächen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Grott vun der Léiffrächen
Déi aktuell Muttergottes-Statu an der Grott
Plack bei der Léiffrächen

D'Léiffrächen, och Notre-Dame des Mineurs, ass eng Muttergottes-Pilgerplaz zu Keel, um Bromeschbierg, nieft dem Monument national des mineurs. D'Pastoralregioun Süden pilgert de Sonndeg nom 15. September vun der Keeler Kierch aus dohin.

Riets iwwer der Grott steet eng al Buch, déi zu de bemierkenswärte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.

De Wee op d'Léiffräche féiert laanscht siwe Statiounen, déi de Leidenswee vun der Maria duerstellen.

Wéi et dozou koum[änneren | Quelltext änneren]

An enger Keeler Chronik vun 1872 vum deemolege Paschtouer Jean-Pierre Toussaint gëtt erzielt, datt am Joer 1753 den Aarbechter Peping beim Schneide vun Ënnergehëlz um Keeler Bierg eng hëlze Statu vun der Muttergottes an den Äscht vun engem Bam fonnt hätt. Doropshin huet hien zesumme mat sengem Jong eng kleng Nisch an e Fiels gehaen, fir d'Statu dranzestellen. Geschwënn hunn d'Leit ugefaangen, dohin ze pilgeren.

Am Joer 1876 gouf méi eng stabil Kapellche fir d'Muttergottesstatu gebaut, déi bessere Schutz virum Wieder gebueden huet.

Den 19. Mee 1901 ass d'Statu mat hirem Daach driwwer verbrannt. Eng Statu vun der Tréischterin aus Terracotta déi zu Tréier gemaach gouf, koum an d'Plaz, mä si huet d'Wieder net verdroen. Sou gouf se 1915 mat enger stengen ersat. An den 1930er Jore gouf de Wee dohi méi breet gemaach, Reliefbiller goufen nieft d'Statu opgestallt an e klenge Park ronderëm ugeluecht. 1936 ass d'Grott entstanen, déi engem Grouwenagank gläicht, sou wéi se haut nach besteet. 1937 gouf d'stenge Statu nees duerch eng aus Eechenholz ersat.

De 26. Juli 1953 war d'200-Joerfeier vun der Léiffrächen. De Bëschof Joseph Philippe huet bei där Geleeënheet der Léiffrächen eng gëlle Kroun opgesat an hir den Titel "Notre Dame des Mineurs" ginn. Domat haten d'Biergleit eng zweet Patréinesch. Deeselwechten Dag gouf och de Grondstee vum Monument national des mineurs geluecht.

"Muttergottes-Erscheinunge" vun 1947[änneren | Quelltext änneren]

D'Kapell déi am Dezember 1947 gebaut gouf (2014)

1947 huet sech tëscht Allerhellgen a Chrëschtdag allerhand "Spezielles" ronderëm d'Léiffrächen ofgespillt. Dräi Kanner, en 10 Joer ale Bouf, e Meedche vun 12 Joer aus senger Famill an e Meedche vun 11 Joer aus der Géigend sollen e puermol der Muttergottes begéint sinn.[1][2]

Dat Ganzt huet natierlech ganz groussen Androck gemaach, an d'Leit koumen aus allen Himmelsrichtunge fir "mat eegenen Aen" déi Kanner ze gesinn, déi och alt "an Trance" op de Buedem virum "interesséierte Publikum" gefall sinn an natierlech och fir eventuell e Wonner matzeerliewen.[3]

E Schwäizer Geschäftsmann, deen de 24. November opgedaucht ass, huet sech doduerch ervirgedoen datt en de Wonsch nom Bau vun enger Kapell, deen d'Muttergottes iwwer d'Kanner angeblech vermëttelt hat, ënnerstëtzt huet. Am Dezember 1947 kuerz viru Chrëschtdag huet en innerhalb vun e puer Deeg mat groussem Asaz vu Personal a Geldmëttelen eng Kapell op enger Plaz zirka 80 m ëstlech vun der Léiffrächen opriichte gelooss. En hat och wëlles a kuerzer Zäit en Hotel an der Uertschaft bauen ze loossen.[4]

De René Urbany, e Journalist vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek huet dee ganze Spektakel awer mat rationalen Argumenter kritesch hannerfrot, an domat eventuell Pläng, aus Keel en zweet Lourdes ze maachen, duerchkräizt.[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, Jos. A., 1985. Wunder in Luxemburg. Lëtzebuerger Almanach 1986: 127-135. Luxemburg. PDF (882 kB)
  • Urbany, René, 1987: Dem Här an de Frack gegraff - Mit spitzer Feder gegen Obskurantismus, Heuchelei und Unverstand, S.159-188, Coopérative ouvrière de presse et d'éditions Lëtzebuerg.
  • Luxemburger Wort, Nr. 215 vum 14. September 2013, S. 19, (Claudine Schroeder-Schmitz): Ein Einblick in die Geschichte
  • Ed Maroldt: Mythos Esch - Fragmente 1950 - 1962, 2004, Éditions Le Phare, 144 S., ISBN 2-87964-078-4, Volkstümliche Religiosität S. 53

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Léiffrächen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Die Erscheinungen von Kayl Tageblatt vum 21. November 1947
  2. Die Erscheinungen von Kayl Tageblatt vum 22. November 1947
  3. Zu den Ereignissen bei der Kayler Le'wfrächen Luxemburger Wort vum 25. November 1947
  4. Zu den Ereignissen bei der Kayler Le'wfrächen Luxemburger Wort vum 26. November 1947
  5. Die Erscheinungen von Kayl Tageblatt vum 31. Dezember 1947


Kathoulesch Muttergottes-Pilgerplazen an Europa
Lëtzebuerg: Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léiffrächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen- Heeschbrecher Bildchen
Belsch : Banneux - Beauraing - Werpin
Frankräich : Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine - Monléon-Magnoac
International : Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau
Pilgerplaze fir Sportler : Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It)