Ed Maroldt

Vu Wikipedia
Ed Maroldt
Gebuer 20. Mee 1950
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Schauspiller, Lycéesprofesser
Famill
Geschwëster François Maroldt

Den Édouard ("Ed") Maroldt, gebuer den 20. Mee 1950 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Professer, Auteur, Theaterschauspiller a Regisseur.

Den Ed Maroldt ass zu Esch-Uelzecht opgewuess als dat eelst vun dräi Kanner. No der Première 1969 am Escher Jongelycée huet hien zu Saarbrécken Germanistik a Romanistik studéiert. Gläichzäiteg huet hie beim Hellmut Geissner Sproocherzéiung studéiert. Vun 1974 bis 2013 war hien Däitschprofesser am Escher Jongelycée a Sproocherzéier zu Esch an an der Stad. Hie war och Chargé de cours fir ugewannte Linguistik op de Lëtzebuerger Cours universitaires.

Beim Kasemattentheater an an der Kulturfabrik war hie Schauspiller, Kabarettist, Regisseur an Auteur. Zanter den 1970er Joren versteet den Ed Maroldt seng Aarbecht als eng Zort "multimedial Vollekskunde", hie gesäit sech als passeur de mémoire. Hien huet vun 1974 bis 1981 déi Escher Studentebün geleet[1], zesumme mam Ad Deville a Gast Rollinger. Dës Bün huet net nëmmen dem Schoultheater nei Impulser ginn, mä och dem Theater zu Lëtzebuerg. De Raoul Biltgen, de Michel Clees, de Marco Goetz, de Rosario Grasso, d'Danielle Hoffelt, de Steve Karier, de Christian Kmiotek oder de Pierre Rauchs sinn nëmmen e puer vu senge Schüler, déi déi Lëtzebuerger Theaterzeen gepräägt hunn.

Am September 1995 gouf op Initiativ vum Ed Maroldt am LGE, als Projet d'établissement, den Uelzechtkanal, en Televisiounsprogramm, dee vun de Schüler selwer gemaach gëtt, agefouert.  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uelzechtkanal.

Hien huet och eng Rëtsch Bicher, Artikelen a Videoreportagë publizéiert, déi meescht zu zäitgeschichtleche Sujete wéi d'Entwécklung vun der Stolindustrie an déi vu Stied an Uertschaften, wéi Esch-Uelzecht a Leideleng.

Den Ed Maroldt ass bestuet, huet zwee Kanner a wunnt zu Leideleng.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Anpassung des Lëtzeburgischen an das Industriezeitalter in: Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XI, Uelzechtstrooss, Sondernummer von el genious, 1993
  • Theaterdreem zu Esch. D'Stodentebühn am Jongelycée. (Mam integralen Text vum Theaterstéck "D'Preise sin do!"), 1993
  • De leschten Héichuewen, 1999
  • Generatioun Scheedungskanner, 2003
  • Mythos Esch, 2005
  • Leit aus Eisen, Magiciens du fer, Petit illustré de la sidérurgie luxembourgeoise, 2005
  • Aus dem Escher Geschäftsliewen, 2006
  • Leidelenger Leit, (Datum ????]
  • Esch-sur-Belval 1996-2016, mit Video-DVD, 2016
  • Paysages préurbains, Vorstädtische Landschaften, Leudelange, la naturelle, (zesumme mam Raphael Gindt a Christian Schaack), Commission de la culture, Commune de Leudelange, 2021, 80 S. ISBN 978-99959-0-657-3

Videodokumenter[änneren | Quelltext änneren]

  • Jugendgewalt (Sind Jugendliche Opfer oder Täter?)
  • Le rondini non tornano piu
  • Éischt Léift
  • De leschten Héichuewen
  • Gare la mine (zusammen mam Anne Schroeder, dem Office du film scolaire an dem Filmarchiv der ARBED)
  • L‘or rouge de Belval au pays des dragons (Kamera: Charel Schwartz)
  • Wéi laang nach Lëtzebuergesch?
  • Bop, wat hues de am Krich gemeet
  • D'Fräiheet geet de Kamäin aus
  • Eemol Scout, ëmmer Scout
  • Uelzechtkanal, 1996-2016

Essayen[änneren | Quelltext änneren]

  • Anpassung des Lëtzeburgischen an das Industriezeitalter, in: Dialektologie heute, Beiträge zur luxb. Sprach und Volkskunde, Nr XI
  • Einheit von Politik und Theater in Woher, Was, Wohin. theater.lu ; Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert, 1999, Binsfeld Verlag
  • Fernsehen aus dem Bauch, in: Vun der Industrieschoul zum Jongelycée vun Esch, 2001
  • Herrscherlob, in: 150 Jahre Theater in Luxemburg, Hrsg. Simone Baldauff-Beck & Marc Linster
  • Sehen und gesehen werden im Uelzechtkanal, in: Nos cahiers 3/ 4, 2006
  • Schwarzer Kaffee mit Milch, in: 100 Joer Jeunesse Esch, 2007
  • Escher Pompescher, in: Michel Krieps, Die 135jährige Geschichte der Escher Feuerwehr, 2017

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. LGE, Groupe Geoghelli, gekuckt de 26. September 2021