Raoul Biltgen

Vu Wikipedia
Raoul Biltgen
Gebuer 1. Juli 1974
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schauspiller, Dramaturg
Famill
Geschwëster François Biltgen


De Raoul Biltgen, gebuer den 1. Juli 1974 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Schauspiller, Schrëftsteller, Kolumnist a Psychotherapeut („in Ausbildung unter Supervision“[1]).

De Raoul Biltgen ass 1993 op Wien geplënnert an huet do ugefaange fir Iwwersetzer an Dolmetscher ze studéieren, an ass dunn op e Studium vun der Schauspillerei iwwergewiesselt, dat en op der Konservatorium Wien Privatuniversität ofgeschloss huet.

Hie war Schauspiller am Ensembel vum Vorarlberger Landestheater zu Bregenz, duerno Dramaturg um Theater der Jugend zu Wien.

Hie lieft als fräie Schauspiller a Schrëftsteller zu Wien. Zanter 2010 schreift hien eemol an der Woch eng Chronik iwwer Sexualitéit an e schafft zanter 2015 och als Psychotherapeut („in Ausbildung unter Supervision“[1]) bei der Männerberatung Wien.

De Raoul Biltgen ass de Brudder vum François Biltgen.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

Theaterstécker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Nachspiel, ein kurzes Stück Theater, Thomas Sessler Verlag, Wien, Uropgefouert am Schauspielhaus Wien, Oktober 2000
  • Ene Mene Mu, Uropgefouert am Oktober 2002 um Gerhard-Hauptmann-Theater Zittau, Thomas Sessler Verlag, Wien
  • I Will Survive, Uropgefouert am Februar 2006 um Théâtre National du Luxembourg, Thomas Sessler Verlag, Wien
  • Kazachok ein Jugendstück, Uropgefouert am Juni 2002 ënner dem Titel "Sirtaki für Anfänger", Thomas Sessler Verlag, Wien
  • Nick, Uropgefouert am Juni 2007 am Vorarlberger Landestheater Bregenz. Thomas Sessler Verlag, Woem
  • Restroom. Uropgefouert am Januar 2005 am Vorarlberger Landestheater Bregenz. Thomas Sessler Verlag, Wien
  • Aloha! Uropgefouert am Mee/Juni 2005 am Vorarlberger Landestheater Bregenz, Thomas Sessler Verlag, Wien
  • IVAN - 16 Joer. Uropgefouert am Kader vun divan/die Couch - Abtei Neimënster, Oktober 2004
  • Der Mörder ist immer der Henker, eine Art Kriminalstück in C-Moll, Thomas Sessler Verlag, Wien
  • Phalli, Thomas Sessler Verlag, Wien, Uropgefouert am Theater an der Gumpendorfer Straße, Wien März 2010
  • Die Geschichte der Menschheit in 90 Minuten, Thomas Sessler Verlag, Wien, Uropgefouert am Theater an der Gumpendorfer Straße, Wien März 2011
  • Haifisch im Netz, Thomas Sessler Verlag, Wien, Uropgefouert am Theater Hof, 2013
  • Scellerato, Thomas Sessler Verlag, Wien
  • Battle, Thomas Sessler Verlag Wien, Uropgefouert am Me 2010, Verein Motif, Bregenz
  • Cordoba no engem Konzept vum Steffen Höld a Christian Strasser, Uropgefouert Mee 2008, Theater An der Gumpendorfer Straße TAG, Wien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Quell: Über mich op raoulbiltgen.com, fir d'lescht gekuckt den 21. November 2018