Uelzechtkanal

Vu Wikipedia

Den Uelzechtkanal ass en Tëlevisiounssender vun Esch-Uelzecht, deen e Programm vun enger Stonn am Mount mam selwechten Numm iwwer verschidden Teledistributiounsnetzer zu Lëtzebuerg, an och iwwer Internet an den Astra-Satellittesystem, verbreet.

E gouf am September 1995 am Kader vun engem Projet d'établissement iwwer Medienerzéiung, am Escher Jongelycée, op Initiativ vum Ed Maroldt, op d'Bee gestallt. Déi éischt Emissioun war am Februar 1996. Zënterhir sinn et Schüler aus deem Lycée, déi mat Hëllef vun zwéi bis dräi Enseignanten, d'Programmer maachen. Et sinn dëst meeschtens Reportagen oder Interviewen zu der Aktualitéit, ufanks vun a ronderëm Esch, méi spéit och méi wäitleefeg, sief et aus Politik, Kultur oder Sport.[1]

D'Schüler, déi um Projet matmaachen, maachen dat am Kader vun engem Optiounsfach vun 3e bis 1ère. Statistiken no sollen all Woch eng 13.000 Leit iwwer 12 Joer (2,7 % vun der Populatioun) den Uelzechtkanal kucken. Den Uelzechtkanal gëtt finanziell vum Erzéiungsministère ënnerstëtzt.[1]

A sengen éischten 20 Joer huet den Uelzechtkanal eng 1800 Reportagë realiséiert; dës gi vun 2015 un am CNA archivéiert.[1]

Der TNS-ILRES Plurimedia Etude 2017.I no hunn tëscht Februar 2016 a Februar 2017 (mat Ausnam vun der Summervakanz) an der Moyenne all Woch 10.500 Leit iwwer 12 Joer den Uelzechtkanal gekuckt.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 "Film ab! Ein Blick hinter die Kulissen des Uezechtkanals, der seit 1995 im Lycée de Garçons i Esch produziert wird." in: Den Escher Nr 27, S.10-11.
  2. Pressecommuniqué vun TNS ILRES op paperjam.lu.