Christian Kmiotek

Vu Wikipedia
Christian Kmiotek
Gebuer 3. Februar 1960
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Politiker, Enseignant
Partei déi gréng

De Christian Kmiotek, gebuer den 3. Februar 1960 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Sozialpedagog, Enseignant[1], Lokalpolitiker, Schauspiller, fréiere Gerant an Associé vun der Filmproduktiounsgesellschaft Samsa Film[2] a bis 2016 President vun der Lëtzebuerger Theaterfederatioun.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Christian Kmiotek huet seng éischt Schauspillerfarunge beim Ed Maroldt op der Theaterbün vum Escher Jongelycée gemaach. Duerno huet hien eng Ausbildung als Educateur gemaach, a war Consultant fir Associatiounen, déi am gesellschaftleche, kulturellen oder audiovisuelle Beräich schaffen.

Niewelaanscht ass hien awer weider als Schauspiller aktiv. Hie war Matgrënner vun der Theater GmbH, enger Theatertrupp, vun der éischter Stonn un an der Kulturfabrik mat dobäi an huet och Samsa Film matgegrënnt, eng Produktiounsgesellschaft, där hiren éischte Film Die Reise das Land war. Zanterhier ass hien a sëllege lëtzebuergeschen Theaterproduktiounen ze gesi gewiescht.

Berufflech huet hie sech ëmmer méi an d'Filmproduktioun orientéiert. Hie gouf 1992 Direkter vu Strategics, e Formatiounsprogramm fir onofhängeg Filmproduzenten, fir d'Produktioun an de Marketing vu Filmer besser an de Grëff ze kréien.

Haut ass hie Chargé de cours am Lycée technique pour professions éducatives et sociales (LTPES), a fir eng ganz Rei ONGen aus dem Sozialen-, Theater- an audiovisuelle Beräich aktiv. Hien ass ausserdem President vun der Fondatioun Kannerschlass[3].

Politesch ass hie bei deene Gréngen engagéiert, wou hie vun 2011 bis 2013 Tresorier war, a vun 2013 bis 2020 Ko-President, an zanter 2011 am Gemengerot zu Jonglënster sëtzt[4].

Filmographie als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. seng eege Websäit
  2. Memorial C 992 vum 17. Abrëll 2012
  3. seng eege Websäit
  4. "Grénge Kongress zu Jonglënster" um Blog vum Claude Adams; verëffentlecht den 23. Februar 2013.
  5. Portrait vum Christian Kmiotek op senger Internetsäit