Déi zwéi vum Bierg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Informatiounen

Film
Originaltitel: Déi zwéi vum Bierg
Produktiounsland: Lëtzebuerg
Première: 1985
Dauer: 162 Minutten
Originalsprooch: Lëtzebuergesch
an Däitsch
Equipe
Regie: Menn Bodson
Marc Olinger
Gaston Rollinger
Dréibuch: Henri Losch
Fotografie: Gaston Rollinger
Musek: Gasty Meyer
Produzent: RTL Télé Lëtzebuerg
Acteuren: Christian Kmiotek als Mill
Fernand Mathes als Välten
Vicky Ternes-Weydert als Deckesch Josette, dem Välten, seng Fra
Marie-Paule von Roesgen als Schréidesch Tréis
Fernand Fox als Jemp Zimmer
Marie-Christine Faber als Zimmesch Gréit, dem Jemp seng Fra
Pia Peschon als Schréidesch Renée
Jean Clerf als Réidengs Néckel
Henri Losch als Paschtouer
Marc Olinger als Schmadds Fränz
Aly Bintz als Deckesch Dëmm
Juliette François als Deckesch Rous
Charles Muller als Deckesch Pitt
Paul Greisch als Schoulmeeschter
Steve Karier als Kontesch Ern
Ed Maroldt als Samuel, de Judd
Philippe Noesen als Passeur
Jempi Seil als Bauer um Jéigenhaff
Jängi Duhr als Giischtjen
Änder Jung als 1. Gestapo
Josy Braun als 2. Gestapo
Conny Scheel als 1. Feldgendarem
Patrick Hastert als 2. Feldgendarem
Maurice Molitor als NS-Zaldot
Emile Duhr
Claude Schmit
Christiane Schlechter
Hartmut Schroeter
Anne Weyer
Fernand Lipski
Ger Schlechter
Roland Gaul
Robert Sibenaler
Camille Olinger
Club des Jeunes Iewerleng
Fanfare Iewerleng
Gesankveräin Uewerpallen
Club des Jeunes Useldeng
Filmportal - Filmer no Joren
Film no Länner - Film no Genre

Déi zwéi vum Bierg ass e Lëtzebuerger Film vum Menn Bodson, Marc Olinger a Gast Rollinger aus dem Joer 1985. De Film spillt an der Zäit vum Zweete Weltkrich a stellt dat dagdeeglecht Liewe während der däitscher Occupatioun duer. De Mikrokosmos vum Duerf (dat ouni Numm bleift) steet dobäi exemplaresch fir déi verschidde Schicksaler, déi d'Land huet missen erleiden.

Fir d'éischt a sechs 30 bis 40 Minutte laangen Episoden op der Tëlevisioun gelaf, ass Déi zwéi vum Bierg duerno an enger gekierzter Versioun am Kino gelaf.

2001 huet de Centre national de l'audiovisuel de Film op Videoscassette erausginn.

2011 ass do dunn och eng DVD Versioun erauskomm.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Zwéi gutt Kolleegen, de Mill an de Välten, hu sech versprach ëmmer fireneen do ze sinn. Wéi dat während der däitscher Occupatioun war, hunn e puer Leit, déi op der Nazisäit stoungen, probéiert de Leit am Duerf d'Liewe schwéier ze maachen an hu vun all Geleeënheet profitéiert fir bei der Gestapo Meldung ze maachen. Dem Välten seng Famill gouf op sou eng Manéier verschleeft...

Kuriéises[änneren | Quelltext änneren]

Am Dréibuch heescht de Film Di zwéi vum Bierg an op dem Filmplakat Déi zwee vum Bierg.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • ... sou laang een drun denkt... an den Zeenario vum Film: Déi zwéi vum Bierg vum Henri Losch. (Edition RTL) 1985

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]