Josy Braun

Vu Wikipedia
Josy Braun
Pseudonym de fiischen, cactus, -cactus-, j.b., jb, Jeff, JoB, Monni Jéis, Nekel
Gebuer 14. Januar 1938
Lëtzebuerg
Gestuerwen 4. August 2012
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Iwwersetzer, Journalist, Gewerkschaftler, Dichter
Member vun Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch, Association luxembourgeoise des journalistes, Lëtzebuerger Schrëftstellerverband
Famill
Bestuet mat Josée Klincker

De Josy Braun, gebuer de 14. Januar 1938 zu Lëtzebuerg an do gestuerwen den 3. August 2012[1],[2], war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

No der Primärschoul zu Biwer huet e seng Humanités gréco-latines an der Belsch, an der École apostolique vu Clairefontaine gemaach. Duerno Diktioun an Art dramatique zu Lëtzebuerg. Vun 1960 bis 1972 war hie Gewerkschaftssekretär [watereng Gewerkschaft], a vun 1972 bis 1991 Journalist. Duerno huet hien als fräie Schrëftsteller geschafft.

De Josy Braun huet Prosa, Lyrik, Theater, Cabaret, Radio-Spiller, Kannertheater a Kannerbicher op Lëtzebuergesch an och op Däitsch geschriwwen. En Deel vu senge Wierker goufen op Däitsch, Franséisch, Englesch, Italieenesch, Portugisesch a Russesch iwwersat.

De Josy Braun war:

Hie gouf e puermol am Kader vum Nationale Literaturconcours ausgezeechent, a krut d'Sëlwerplackett vun der Actioun Lëtzebuergesch.

Dem Josy Braun seng Bicher[änneren | Quelltext änneren]

Deen éischte Kriminalroman a Lëtzebuerger Sprooch, deen 1997 bei den Éditions Phi erauskoum, war laang vergraff. 2006 ass e bei den Éditions Josy Braun nees nei erauskomm.

Bannent kuerzer Zäit stierwe sechs Leit u vergëftem Porto. Wann d'Sûreté mengt, et hätt een et op d'Affekoten ofgesinn, da gëtt déi Theorie doduerch op d'Kopp gehäit, datt et och ganz aner Persounen erwëscht.

Titelbild
  • Um porto para os advogados

Iwwersat vum Luis Gonçalves-Bandeira an iwwerschafft vum Forum Portugal-Lëtzebuerg zu Lissabon, gouf dës lëtzebuergesch-portugisesch Geschicht vum Verlag Campo das letras vu Porto am Abrëll 2007 erausbruecht. E gouf den 3. Abrëll 2007 an der Portoskellerei Ferreira zu Vila Nova de Gaia, an de 4. Abrëll 2007 am Grémio literario zu Lissabon virgestallt.

Zu Lëtzebuerg war déi offiziell Virstellung de 4. Juli, am Moment, wéi Portugal d'EU-Presidence iwwerholl huet.

Dëse Roman spillt an engem klengen Duerf. D'Haaptpersoune sinn en ale Mann an e klenge Jong, déi sech eleng derduerch schloen. Mat engem Ziedel, deen dem Tolly aus engem vergiessene Buch entgéintfält, gëtt e vergaangent halleft Joerhonnert nees waakreg. "Kréiwénkel" ass e verdreemte Roman an zugläich eng Geschicht, déi een an Otem hält.
Éditions PHI

  • Rand-Los

Et si Kuerzgeschichten op Däitsch, iwwer Leit, déi op der Schietsäit vum Liewe stinn.
Éditions PHI

  • Abschied von dem Jungen am Synthesizer

Klenge Roman op Däitsch, op der Basis vun enger wouerer Geschicht. E jonke kriibskranke Museker huet en ausgefalene leschte Wonsch, a seng Kolleegen aus der Band verspriechen him, dee Wonsch z’erfëllen.
Eegeverlag

Vergraff:

  • Queesch derduerch, aus dem Joer 2000, Éditions PHI. Dëst ass eng Anthologie mat Kuerzgeschichten, Gedichter a Kabaretstexter aus méi wéi 30 Joer.

D'Kannerbicher[änneren | Quelltext änneren]

  • De Charly mat de groussen Oueren

An deem Buch geet et net nëmmen ëm dem Charly seng grouss Oueren, déi engem Puppelchen d'Liewe retten, mä och ëm den Tinnchen an säin Täschemesser, ëm de Patrick, deen nuets an engem Auto agespaart ass, ëm den Teddy, deen dem Papp Ieselsbrécke baut, ëm dräi Kazen, ëm e Papp dee mengt, hie wier eng Respektspersoun, ëm en onheemleche Strummert, ëm dem Professer Kueb seng Strofen, ëm e verréckte Sylvestermenü asw.
Éditions PHI

  • D'Monsterzwillinge vun Esch-am-Lach

A 75 Gedichter gëtt d'Geschicht vun den Zwillingen Zëss a John erzielt. De John ass kee ganz schéinen, mä schonn als klenge Bouf staark wéi en Uess. D'Zëss mat de rouden Hoer ass eng léif kleng Maus, mä heiansdo eng richteg Zatz, dat mat de Geeschter vun der Buerg, mat den Eilen a mat de Kuebe schwätzt an dat och zaubere kann.
Éditions PHI

  • Wee fir op Papperlapappagos

Déi Gedichter riichte sech u Kanner vu 5 bis 12 Joer. D'Buch huet, soubal wéi et eraus war, seng Prouf bei de Kanner bestanen. D'Léierpersonal schafft an de Schoulen domat, e puer vun de Gedichter stinn och am Schoulbuch fir d'3. an d'4. Schouljoer "Lies a fléi".
Éditions PHI

  • De klenge Prënz

Dës Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Antoine de Saint-Exupéry sengem Buch «Le Petit Prince» koum 1994, 50 Joer nom Auteur sengem Doud, eraus.
Éditions PHI

  • Numia

D'Numia ass e Weesekand a kënnt aus engem Land, dat wäit ewech vu Lëtzebuerg läit: Fantamira. D'Kanner vu Juckebuerg hunn dat brongt krauselegt Meedchen immens gär, mä e puer grouss Leit fannen, datt d'Numia besser do wier, wou de Peffer wiisst... E Märchen, an deem et besonnesch ëm d'Léift zu alle Mënschen an ëm de Respekt virun der Ëmwelt geet.
Eegeverlag

Bibliographie, global[änneren | Quelltext änneren]

Däitsch[änneren | Quelltext änneren]

  • Gezählt, gewogen, geteilt, Novelle, 1962
  • Credo der Nebelkinder, Gedichte, 1963
  • Marias zweite Niederkunft, Kurzgeschichten und Gedichte, 1972
  • Rand-Los, Kurzgeschichten, 1982
  • Abschied von dem Jungen am Synthesizer, Kurzroman, 1988

Lëtzebuergesch[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Kanner[änneren | Quelltext änneren]

  • Numia, Märchen, 1994, 2. Oplo 1995
  • De klenge Prënz, Iwwersetzung, 1994, zanterhier 4 Oploen
  • Um Wee fir op Papperlapappagos, Gedichter, 1996
  • D'Monsterzwillinge vun Esch-am-Lach, gereimte Geschicht, 2001
  • De Charly mat de groussen Oueren, Kuerzgeschichten, 2003
  • Déi gréng Piscine am Ruckelsbësch bei Klengliller, 2005

Theaterstécker[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Kromm an der Heck, 1966
  • D'Rammelscheeder (Musek vum Jos. Kinzé),1967
  • Requiem fir e Lompekréimer, 1969
  • Mir si vum Viz (Musek vum Jos. Kinzé), 1971
  • D'Sakgaass (Coauteuren: Guy Rewenig a Guy Wagner), 1973
  • Wie bass de dann, Leo?, 1976
  • Hexejuegd, 1978
  • Den Här, 1978
  • Just 15, 1981
  • D'Monument oder d'Verbrieche vu Groussknautscheng, 1990
  • Eng Märel päift, 1992
  • Portombola, 1993
  • Geeschter, 1995
  • Spaghetti à la Mamma, 1996
  • De roude Soutien, 1997
  • D'Kierchenauer vu Knousperdeng, 1998
  • Leschte Konveniat, 1998

Theater fir Kanner[änneren | Quelltext änneren]

  • De Pierrot an d'Pierrette, 1993
  • De lëschtege Kasperl an den traurege Clown, 1994
  • Eis Spillplaz zu Makadammeldeng, 1995
  • D'Manuela an säi Monni Poppokattepättel, 1996
  • D'Kréckelfamill fiert an d'Vakanz, 1997
  • Wat ass lass am ale Schlass?, 1998
  • Brudder Sascha, grousse Clown, 1999
  • De klenge Prënz, Adaptatioun vum «Petit prince » vum A. de Saint-Exupéry, 1966

Kassetten, CD[änneren | Quelltext änneren]

  • De klenge Prënz, Cassette a Long play, 1981
  • De Bib, Cassette nom Wëllem Weis, 1986
  • Numia, Cassette, 1992
  • D'Huberts-Famill Radio-Serie, 1992, net am Handel
  • Lidder, queesch derduerch, CD, 2000

Saachbicher[änneren | Quelltext änneren]

Interviewen, Artikelen, asw.[änneren | Quelltext änneren]

De Josy Braun als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Televisioun[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Josy Braun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Josy Braun gestorben; Tageblatt Online, 4. August 2012.
  2. "Hien ass den 3. August 2012 am Alter vu 74 Joer zu Lëtzebuerg gestuerwen.", Doudesannonce am Luxemburger Wort Nr 184 vum 8. August 2012, S. 44
  3. Aktivitéitsrapport vum Staatsministère vum Joer 2000 wou op de Säite 77 ff déi Leit ernimmt sinn déi den 22. Juni 2000 eng Auszeechnung vum Premier iwwerreecht kritt hunn