Op den Inhalt sprangen

Jos Kinzé

Vu Wikipedia
Jos Kinzé
Gebuer 1. Oktober 1918
Essen
Gestuerwen 20. September 2003
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Organist, Dirigent, Komponist

De Jos(eph) Kinzé, gebuer den 1. Oktober 1918 zu Essen an Däitschland, wou säi Papp als Feinmechaniker geschafft huet, a gestuerwen den 20. September 2003 zu Ettelbréck,[1] gehéiert zu de bekanntste lëtzebuergeschen Organisten, Dirigenten a Komponiste vum 20. Joerhonnert.

De Jos Kinzé huet seng Kandheet a Jugend zu Uewerkuer verbruecht. Um Enn vun den drësseger Joren huet en am Stater Conservatoire Gesang, Harmonie a Kontrapunkt studéiert, Course fir Fagott an Uergel (beim Michel May) geholl, a sech beim Fernand Mertens an d'Orchestratioun aféiere gelooss.

Nom Zweete Weltkrich war de Jos Kinzé Organist zu Weimeschkierch an do och Dirigent vum Kierchechouer. 1948 huet en allerdéngs säi Studium zu Paräis, an der Schola Cantorum, fortgesat (Kompositioun an Uergel). Am Ufank vun de fofzeger Joren huet en och nach Coursen zu Köln, beim Rudolf Petzold, op der Staatlecher Musekshéichschoul geholl.

Den 1. Januar 1952 gouf de Jos Kinzé zum Organist vun der Dekanatskierch vun Dikrech genannt. Do huet hien eng zweet Heemecht fonnt an eng Partie vu senge Schéinste Wierker zu Pabeier bruecht. Ee groussen Deel vu sengem Gesamtwierk ass iwwregens zu Morcote, um Séi vu Lugano (Schwäiz), entstanen, wou de Kënschtler reegelméisseg an der Summervakanz war. 1992 huet de Jos Kinzé den Taktbengel definitiv néiergeluecht fir sech desto méi intensiv mat senge Kompositiounen ze beschäftegen. Donieft ass en awer als Organist an als Komponist weidergefuer.

Hien huet sech fir de Conservatoire du Nord staark gemaach a war tëscht 1995 a 1999 kënschtleresche Beroder vun den Dikrecher Uergelfrënn. Am Joer 1995 gouf hie fir seng kulturell Verdéngschter zum Citoyen méritant vun der Stad Dikrech genannt.

Kompositiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Nu looss et an dir stëll ginn (Text vum Albert Elsen)
  • Festliche Barockmusik für Orchester
  • Adagio pour flûte et orchestre
  • Jardins romantiques en cinq mouvements
  • Drei deutsche Chorlieder
  • Prélude pour orchestre à cordes
  • Trois pièces pour le piano
  • Ouverture-capriccio pour orchestre
  • Adagio et fugue pour orchestre
  • Concertino pour piano et orchestre
  • Toccata francese
  • Creator alme siderum
  • Adventslied: "Ave Maria"
  • Sortie brève n° 3
  • O Haupt voll Blut und Wunden
  • Christi Mutter stand in Schmerzen
  • Präludium und Fuge über "Christ ist erstanden"
  • Victimae Paschali laudes
  • Sortie brève n° 4
  • Drei Präludien um den Ton "G"
  • Fantaisie sur "Lauda Sion Salvatorem"
  • Petit prélude
  • Fantaisie et fugue sur la gamme de ré mineur

Gielercher[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 209
  2. In memoriam Jos Kinzé 1.10.1918 - 20.9.2003 op dem Internetsite vun Amis de l'orgue Diekirch