Fernand Mertens
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Fernand Mertens | |
---|---|
Gebuer |
29. Februar 1872 Léiwen |
Gestuerwen |
9. Juli 1957 Beetebuerg |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Dirigent, Musikolog, Komponist |
De Fernand Mertens, gebuer den 29. Februar 1872 zu Louvain, a gestuerwen den 9. Juli 1957 zu Beetebuerg, war e belsche Komponist. Hien huet awer souzesoe säi ganzt Liewen zu Lëtzebuerg verbruecht an do geschafft. Dofir gëtt hien och zu de grousse lëtzebuergesche Komponiste gezielt.
Studium a Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Fernand Mertens ass den 29. Februar 1872 als Jong vun engem einfache Fabrécksaarbechter op d'Welt komm. Hie war dat jéngst vun 10 Kanner. De Fernand Mertens ass zu Louvain an d'Primärschoul an duerno och do an de Kolléisch gaangen. Well en ëmmer Freed un der Musek hat, wéi de Musekskritiker Léon Blasen eis erzielt, ass hie scho fréi an de Conservatoire zu Louvain gaangen an huet mat 12 Joer den éischte Präis am Solfège a mat 14 Joer den 1. Präis an der Braatsch kritt. Duerno huet hie sech an d'Normalschoul ageschriwwen. Hie war der Schoul awer geschwë midd an ass net Schoulmeeschter ginn, wéi seng Eltere wollten, mä huet sech eng Plaz gesicht. De jonke Fernand ass an déi belsch Arméi gaangen a koum als élève-cornet an de Musekscorps. 1897 ass hien dunn an d'Militärmusek zu Lëtzebuerg agetratt. Vun do u war säi Wee gemaach:
- 1901: Dirigent vun der Diddelenger Stadmusek
- 1903: Dirigent vun der Hollerecher Musek
- 1909: Concours fir d'Dirigenteplaz vun der Militärmusek, aus deem hien als éischten ervirgaangen ass, a krut doropshin dat selwecht Joer seng Ernennung an där Funktioun
- 1918 gouf de Fernand Mertens zum Haff-Kapellmeeschter ernannt
- Hie war och Professer am Museksconservatoire bis zu senger Altersgrenz am Joer 1937
Nodeem e sech 1937 op Beetebuerg zeréckgezunn hat, ass hien do 1957 gestuerwen a gouf den 11. Juli 1957 um Nikloskierfecht begruewen.
Zu Beetebuerg an an der Stad Lëtzebuerg dréit jee eng Strooss säin Numm.
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]Eng grouss Varietéit zeechent dem Fernand Mertens säi Wierk aus. Déi follgend Lëscht ass net komplett. Nëmmen déi bekanntst Kompositioune sinn opgeféiert:
Märsch
[änneren | Quelltext änneren]De Fernand Mertens ass virun allem bekannt als Komponist vun de Märsch:
- Grande-Duchesse Charlotte Marsch (de bekanntsten)
- Prince Jean Marsch
- Princesse Josephine-Charlotte Marsch
- Lëtzebuerger Zaldotemarsch
- Ettelbruck, Porte des Ardennes
- Salut à Differdange
- Lëtzebuerg Rousestad
Sonnerien
[änneren | Quelltext änneren]- Sonnerie nationale Lauschteren
Operetten
[änneren | Quelltext änneren]- D'Wonner vu Spéisbech (No engem Text vum Batty Weber) (Eng Operett, déi e groussen Erfolleg hat an och am Ausland ënner dem Titel: Le Miracle de la Toison d'Or opgeféiert ginn ass)
- Am Pyjama; Musek: Fernand Mertens, Text: Nikla
- E Mammenhierz; Musek: Fernand Mertens, Text: Willy Dumont
- Eng Schwéiermamm; Musek: Mertens/Merzig, Text: Edouard Joris,
Aner Kompositiounen
[änneren | Quelltext änneren]- eng Partie Potpourriën an Arrangementer wéi d'Dicksiana oder de Scholdschäin an Spuenescht Blutt
- Eng Mass zu Éiere vun der Muttergottes vu Lëtzebuerg, déi 1950-51 fir gemëschte Chouer, Uergel an Orchester bestëmmt war.
- Ouverture mat dem Titel Mëllerdall.
- Scènes luxembourgeoises a fënnef Deeler.
- E puer Lidder wéi:
- Abrëll,
- Meereenchen,
- Op der Heed,
- Et reent, et reent
- Zwee Muttergotteslidder:
- Ons léif Fra vu Lëtzebuerg an
- Mutter der Liebe
- Zwee Lidder aus dem Exil (Texter vum Lambert Schaus):
- Le'wen hellegen Zinnikléschen
- Chrëschtlidd
Auszeechnungen[1]
[änneren | Quelltext änneren]- Officier de l'ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1952)[2]
- Chevalier avec Couronne vum Ordre de Nassau „Pour le mérite civil et militaire“
- Chevalier de l'Ordre de Léopold
- Chevalier de l'Ordre de la Couronne
- Chevalier de l'Ordre de Léopold II
- Médaille en Or de l'Ordre Pontifical „Bene Merenti“
- Médaille de Ire classe de la Reconnaissance Nationale (Médaille du Roi Albert)
- Médaille Commémorative du règne de Léopold II
- Palmes d'Officier de l'lnstruction Publique
- Croix de Service avec Couronne de l'lnsigne en Argent de la Société des „Arts, Sciences et Lettres“
Bibliographie
[änneren | Quelltext änneren]- Blasen, Léon: Lëtzebuerger Komponisten, Erausgin 1988 vun der „Lëtzebuerger Stad-Musek
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Dirigente vun der Lëtzebuerger Militärmusek | ||
Franz Hoebich - Philippe Decker - Gustave Kahnt - Edmond Patzké - Fernand Mertens - Pol Albrecht - Albert Thorn - Norbert Hoffmann - Pierre Nimax - André Reichling - Jean-Claude Braun |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Doudesannonce vum Fernand Mertens. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (10 Juli 1957). Gekuckt de(n) 10.01.2023.
- ↑ Bulletin d'information N°1-2 vum 29 Februar 1952 vum Service "Information et Presse" op der Säit 33
- Dirigente vun der Lëtzebuerger Militärmusek
- Lëtzebuergesch Komponisten
- Gebuer 1872
- Gestuerwen 1957
- Officier de l'ordre de la couronne de chêne
- Chevalier avec couronne de l'ordre de mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Chevalier vum Ordre de Léopold
- Chevalier vum Ordre de la Couronne
- Chevalier de l'Ordre de Léopold II.
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass