Op den Inhalt sprangen

Lëtzebuerger Militärmusek

Vu Wikipedia
D'Militärmusek 2017

D'Lëtzebuerger Militärmusek (op Franséisch: Musique militaire grand-ducale) ass deen eenzege Musekcorps (Fanfaren an Harmonien) am Land, deen nëmmen aus Beruffsmuseker besteet. Et handelt sech ëm en Total vu ronn 60 Museker. D'Militärmusek an hiren Dirigent stinn ënner dem direkte Kommando vum Chef vum État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi.

D'Dirigente bis 1925, Lëtzebuerger Illustréiert:1925,
* Uewen: vu l. n. r. Fr. Ferd. Hoebich a Philippe Decker,
* Ënnen: vu l. n. r. Edmond Patzke a Gustave Kahnt,
* An der Mëtt Fernand Mertens

Nodeem d'Groussherzogtum Lëtzebuerg 1815 um Wiener Kongress gegrënnt gi war, ass de Besoin fir eng national Arméi entstanen. Wéinst politesche Schwieregkeete sinn déi éischt Bataillounen eréischt 1842 entstanen. Am éischte Batailloun, deen zu Iechternach stationéiert war, gouf den 29. Dezember 1842 ënner der Leedung vum Franz Ferdinand Hoebich d'Lëtzebuerger Militärmusek gegrënnt. Ufanks hat si ëm déi 25 Museker a mat der Zäit sinn et der ëmmer méi ginn.

Am zweete Batailloun, deen zu Dikrech stationéiert war, gouf d'Militärmusek ënner der Leedung vum Jean-Antoine Zinnen, dem spéidere Komponist vun der lëtzebuergescher Nationalhymn, de 6. Dezember 1847 gegrënnt. Am Juni 1868 gouf den zweete Batailloun opgeléist an d'Militärmusek gouf just nach am éischte Batailloun weidergefouert.

Zu den offiziellen Aktivitéite vun der Militärmusek gehéiere Concerte fir de groussherzoglechen Haff an d'Lëtzebuerger Regierung bei Staatsvisitten a Receptiounen. Zu de militäreschen Aufgabe gehéieren Optrëtter op Paraden an d'Musizéiere beim Wiessel vun der Garde.

1875 huet d'Militärmusek ugefaangen ëffentlech Concerten, absënns op der Plëss ze spillen; uganks gouf et do nach kee Kiosk an d'Museker hunn am Stoen an ouni Noutestänner gespillt.[1]

Dirigente vum 1. Batailloun

[änneren | Quelltext änneren]

Vum 1. August 2012 un ass de Jean-Claude Braun Chef an Dirigent vun der Groussherzoglecher Militärmusek.[2] Zanter dem 1. Januar 2008 ass de Jean-Marie Thoss de Stellvertrieder vum Dirigent.

Dirigente vum 2. Batailloun

[änneren | Quelltext änneren]
  • Blasen, Léon: Lëtzebuerger Komponisten, 1988, Erausginn vun der Lëtzebuerger Stadmusek
  • Nimax, Pierre: Die Luxemburger Militärkapelle: 1842 - 2001, An Ons Stad, Lëtzebuerg, No 67, (Juli 2001), Säiten 4-10
 Commons: Lëtzebuerger Militärmusek – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell: Informationspanno an der Ausstellung „Pierre Nimax sen. – Zwischen Tasten und Taktstock“ an der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (30.06.2025-17.01.2026)
  2. Säit mat der Lëscht vun den Dirigente vun der Militärmusek op www.armee.lu Archivéiert den 11.09.2011. Gekuckt de 24.02.2011.